
De But vu Femmes pionnières du Luxembourg ass et de Bäitrag an d'Geschicht vu Fraen hei zu Lëtzebuerg siichtbar ze maachen. An de leschte Joren huet de Veräin Ausstellungen a Virträg, oder och de Film Inspiring women of Luxembourg produzéiert, wat d'Bedeitung vu couragéierte Fraen fir d'gesellschaftlech Entwécklung vun eisem Land ënnersträicht. Am Buch "Eis Groussmammen" schreiwe 15 Frae vun haut iwwer déi spannend an och ënnerschiddlech Liewensgeschichte vun hire Groussmammen.
Dës Groussmammen hunn an enger Welt gelieft, an där weder déi rechtlech nach gesellschaftlech Gläichstellung tëscht Mann a Fra gi war. Lieserin a Lieser léieren hei Frae kennen, déi hire ganz eegene Wee gaange sinn. Gebuer tëscht 1880 an 1931, ware vill vun deene Fraen extrem selbstbewosst an emanzipéiert, Josiane Weber, Historikerin, Autorin a Member vun de Femmes Pionnières:
Mir wollten eebe kucken, fir Bauerefraen zum Beispill eranzekréien duerch d'Germaine Goetzinger, dat war d'Directrice vum Literaturarchiv. Déi huet iwwert hir Groussmamm geschriwwen, déi war Bauerefra. An dann hu mer awer och Geschäftsfraen dran. Dat war d'Colette Maart zu Esch. Dann hu mer och e bësse versicht, fir Hausfraen dran ze bréngen, déi net schaffe gaange sinn. Dann hu mer gekuckt, also zum Beispill op déi typesch Fraeberuffer, wéi zum Beispill Hiewan. Dat ass meng Groussmamm, déi war Hiewan.
Och Fraen, déi et fäerdeg bruecht hunn aus klengste Verhältnisser studéieren ze goen oder eng Fra déi mat hirem Mann an de Kongo gaangen ass, an den Aspekt vun der Kolonialisatioun mat an d'Bild bréngt, ginn am Buch beliicht:
D'Geschicht gëtt jo eeben net nëmme vun de grousse Männer geschriwwen a gemaach. Dowéinst wollte mir kucke fir déi Groussmammen, déi fréier gelieft hunn, fir déi ze portraitéieren. Dat heescht, dat sinn och ganz ënnerschiddlech Artikelen. Déi eng si ganz emotional, déi aner, déi si méi kritesch distanzéiert. Also et ass net alles esou e Lueflidd op d'Groussmammen, mee et ass och deelweis esou eng Ausernanersetzung vun der Enkelin mat der Groussmamm. An dann anerer, sinn dann e bësse méi wëssenschaftlech, dat heescht also dat sinn ganz ënnerschiddlech Artikelen.
Vill Frae si schaffe gaangen, hunn am Betrib doheem gehollef, oder waren och selbststänneg als Léierin, Professorin oder Hiewan aktiv, ënnert der Laascht vum zweete Weltkrich. Fofzéng Frae vun haut, schreiwen iwwert hir Groussmamm a bauen net nëmmen d'Kontinuitéit vun hirer Perséinlechkeet op ma stelle gläichzäiteg d'Verbindung tëscht Generatiounen an enger Famill duer. D'Buch "Eis Groussmammen" gëtt de Mëtteg um hallwer 12 an der Librairie Ernster op der Cloche d'Or virgestallt.