
......de Jean-Marc Sturm mat engem Portrait vum Donald Trump
Den Donald Trump, Joergang 1946, ass, an dat ass dat mannst wat ee ka behaapten, ee komplexen an ëmstriddene Personnage.
An hien huet deen Image ëmmer gefleegt.
Bekannt gouf hien al Immobilie-Mogul, och wann him dëse Räichtum via säi Papp an de Schouss gefall ass.
Den Donald huet dese scho net grad klenge Familljebetrib massiv ausgebaut, mat virop dem Trump Tower zu Manhattan, mat awer och megalomane Casino'en déi deels Faillite gaange sinn.
Iwwerhaapt gouf et och a senger Immobilie-Carrière Controversen a juristesch Prozeduren, Failliten an finanziell Ënnerstëtzung aus villen Ecken, wéi et heescht och mat Hëllef aus Moskau. Mä och dat passt bei den Image Trump. An deen Image kënnt unn.
Net just als Organisateur vun Miss Universe, mä och als Entertainer an der Emissioun " The Apprentice" wou Leit ëm berufflech Erfarung am Trump-Imperium an der Course waren, eng Course déi meeschtens mat engem Saz eriwwer war
" You are fired"
Grad wéi a senger Show huet den Donald Trump och an der Politik méi de Mann oder d'Fra wéi de Ball gespillt.
Seng politesch Carrière goung am Zickzack.
1987 gouf hie Republikaner, 2001 Member vun den Demokraten, 2009 nees bei de Republikaner.
Den Trump huet sech ëmmer als potentielle Presidentschafts-Kandidat verkaaft kritt.
2016 war d'Hillary Clinton Favoritin, et war awer den Trump deen an d'wäisst Haus koum. Do huet hien d'USA aus dem Welt-Klima-Accord erausgeholl, d'NATO duercherneen gerëselt, international Rapprochementer mat Leit wéi Putin oder nach Kim Jong Un gesicht. Doheem krut hie reprochéiert säin Amt ze mëssbrauchen. 22020 huet den Trump géint de Biden verluer. Hien wollt awer net aus dem wäissen Haus eraus. Et war d'Kapitel " Stuerm op Washington" dat mir all kennen.
Antëscht gouf hien viru Geriicht an e puer Affaire schëlleg gesprach, ënnert anerem wéinst Schweigegeld zu Gonschte vun enger Pornoactrice.
Alles dat huet dem Trump net geschuet. Am Géigendeel hien krut d'Seeche vun " Hexejuegd" bei senge Supporter verkaaft an huet mam Fanger op d'Presse an hir Fake News gewisen. Déi Rhetorik krut nach méi Driff nom ratéierten Attentat op den Trump den 13. Juli
Nach leschte Weekend sot den Trump , fir hien ze treffen misst en Attentäter fir d'éischt duerch des Vertrieder vun de Fake News an der éischter Rei schéissen...Dat géif him och Näischt ausmaachen.
CUT
Dem Trump säin Ziel ass d'Kamala Karris ze schloen
Cut
Sollt hien d'Walen allerdéngs net wannen..da kann ee gespaant sinn wéi d'Reaktioun ass...déi vum Trump an déi vu senge Supporter