......de Jean-Marc Sturm mat engem Portrait vum Kamala Harris

06/11/2024 Portrait Harris fir de Roy

D'Kamala Harris Joergang 1964, mat der diskreter US-Vizepresidentin hat kee gerechent.

Den Alter huet awer dem urspréngleche Kandidat vun den Demokraten, dem aktuelle Locataire am wäissen Haus Joe Biden ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach an déi nei Rechnung mat der Kamal Harris kéint opgoen.

den Trump war op alle Fall um Ufank vun der Kandidatur Harris desorientéiert.

Am Plaz een ale Mann hat hien eng  Fra géint sech an der Course, déi méi jonk wéi hien ass a méi dynamesch eriwwer kënnt.

Dobäi kënnt dass d'Harris en Immigratiouns-Hannergrond huet, e Papp vun Jamaika, eng Mamm mat indeschen Originnen.

D'Kamala Harris huet hiert d'ganz Liewen hir Fra gestanen...  éischt Fra als Chef vum Parquet zu San Francisco, éischt Fra als Procureur général vu Kalifornien, éischt Fra  mat schwaarzen an asiateschen Originnen als Nummer zwee am wäissen Haus. Do ass se awer wéi gesot diskret bliwwen.

Dat huet sech geännert wéi se am Summer fir d'Demokraten an der éischter Linn an am Plaz vum Joe Biden an d'Course gaangen ass.

Se huet sech als Anti-Trump verkaaft, Beispill an der Fro vum Avortement. Dem Sujet Immigratiounspolitik ass d'Harris am Léifsten aus dem Wee gaangen. Anescht wéi den Donald Trump huet d'Harris sech zur NATO an der internationaler Cooperatioun bekannt.

Reng national betruecht huet sech d'Kamala Harris, aanescht wéi den Donald Trump"  op den " Zesummen" an net op d'Splécke vun der Gesellschaft konzentréiert.

CUT

D'Harris huet och ëmmer ënnerstrach dass si net de Mann oder d'Fra wëll spillen mä de Ball. Et geet hir net drëm een op de Buedem ze kréien mä de leit ze hëllefen riicht do  ze stoen

Cut

Och soss gëllt d'Harris als Anti-Trump.

Se géif e Generatiounswiessel bréngen. An am Plaz eng " first Lady" wier fir d'éischt ee " first gentleman" am wäissen Haus.