Am November 2015 ass e Grupp vun 9 Lëtzebuerger Volontaire mat engem Hëllefsconvoi a Refugiécampen an de Balkan gefuer, fir do aktiv Mënschen déi op der Flucht sinn, ze hëllefen. No dësem Asaz war d’Motivatioun nach méi grouss fir weiderzefueren. An esou gouf 2016 d'Asbl Catch a Smile gegrënnt déi reegelméisseg un d'Bausse-Grenze vun der EU fueren an do mat Spenden de Leit ze hëllefen déi do blockéiert sinn.

06/11/2024 Spenden-Dag am Atelier

Dëse Sonndeg ass et da well déi 8. Kéier, dass d'Asbl en Opruff fir Spende mécht, dat am Kader vun engem Spenden-Dag zu Hollerech am Atelier. Wat een hei alles kann ofginn , erkläert d'Fabienne Dimmer, Presidentin vun der Asbl Catch a Smile:

"Mir maachen et eemol am Joer wou mer en Opruff maache fir dass d'Leit eis hier Kleeder, Hygiènesartikelen, Schong, Schlofsäck, Carrymatten, Rucksäck a wat mir och ëmmer sichen, kënne spenden a mir bréngen et dann op déi verschidde Plaze wou et gebraucht gëtt."

Et konzentréiert ee sech awer hei, wat d'Kleeder uginn, op Männerkleeder:

"Net well keng Fraen a keng Kanner do sinn, am Contraire, mee dat ass eppes wat massiv gespent gëtt, sou dass mer eis wierklech op déi Saache konzentréieren déi am Fong am mannste gespent ginn an déi am meeschte feelen. An dat sinn nu mol Männerkleeder well Männer oft hier Saachen hale bis se ganz futti sinn. Awer och hei huele mer wierklech nëmme praktesch Kleeder: Jeans, Jogging, also keng Kostümer, keng Kostümshiemer."

An dat an de Gréissten S bis L. Och Schong wéi Wanderschong an Turnschlappe gi gären entgéint geholl. Nei ass dann och, dass Hygiènesartikele wéi Shampoing, Duschgel oder souguer Parfum gesammelt ginn.

"E groussen Deel wäert erop op Dunkerque, op Calais goen, en Deel wäert och a Bosnie goen, e bëssi un d'Grenzen déi mer hunn, wou se eben iwwerall gebraucht gëtt. Mol kucke wéi mer se verdeelen, wéi se am schnellsten op den Terrain kommen."

Seng Spende kann ee wéi gesot dëse Sonndeg am Atelier zu Hollerech ofginn, dat tëscht Moies 10 an Nomëttes 15 Auer. Sollt Dir elo e Sonndeg keng Zäit hunn oder einfach ze wäit ewech wunnen an Dir hutt awer Saache fir ze spenden, dann ass dat och kee Problem:

"D'Leit sollen eis schreiwen a mir kucke wou si wunnen, wat dann am noosten ass. Mee wat wichteg ass, ass, dass si et wierklech dës Woch maache well mer e Sonndeg alles paken an et e Méindeg fort geet. D'Leit kënnen eis schreiwen, entweder op Facebook oder op Instagram, eng E-Mail maachen op info@catchasmile.org an da kucke mer wou si wunnen, wat am nooste fir si ass wou si d'Saachen nach dës Woch kéinten ofginn."

Catch a Smile fiert dann och selwer mat engem Convoi op d'Plaz fir alles ze verdeelen. Esou kann ee sécher sinn, dass alles do land wou et am meeschte gebraucht gëtt. Bei Leit déi alles hannert sech gelooss hunn an näischt méi hunn.