Zwee an halleft Joer ass et hier, datt Russland d'Ukrain iwwerfall huet an do Krich ass. Millioune Mënschen hunn hier Heemecht misste verloossen a waarden drop, datt de Krich op Enn geet. D'Mënschen an dësem Krich, hier Geschichte stinn den nächste Mëttwoch den 13. November de ganzen Dag am Fokus am Centre Barblé zu Stroossen, dëst um éischten internationale Forum mam Numm ''Bridges of solidarity''. De Stroossener Buergermeeschter Nico Pundel erkläert wat de But vun deem Forum ass.

08/11/2024 Forum: Bridges of solidarity

An den Noriichte gëtt ëmmer nëmmen iwwer Waffeliwwerunge geschwat, mee et gëtt net driwwer geschwat, wéi et de Mënschen dohanne selwer geet, och wéi eng Erausfuerderung d'Gemengen, oder d'Buergermeeschteren dohanne hunn. Déi hu Leit, déi mat Verletzunge bei hinne liewen, hir Infrastrukture si futti an da komme virun allem och d'Männer midd an deelweis och mutiléiert, Aarm verluer, Bee verluer oder wat och ëmmer, zréck vun der Front. Si kënnen net méi schaffe goen, si sinn depressiv. Et geet eis drëm, fir och dee Punkt mol eng Kéier ze beliichten, wéi et an der Ukrain wierklech geet.

D'Mënschen an deem Drama sollen am Fokus stoen an dofir kommen och vill Leit a verschiddenen Table ronde zu Wuert, verdeelt op 2 Partien iwwert den Dag.
Moies ass den Deel, wou mer eis Jugend zu Wuert komme loossen. Do sinn Jugendlecher, déi säit zwee Joer hei zu Lëtzebuerg wunnen, mee awer och Jugendlecher, déi aus der Ukrain hei hinner kommen an eis ziele wéi fir si de Krichsalldag ass an och wéi si en erliewen an och wéi si hir Zukunft gesinn, wat se sech virstellen, wat se sech erhoffen. De Mëttesdeel, deen ass da gefëllt mat de Buergermeeschtere vun dohanne vun den dräi ganz grousse Stied, déi do sinn. Et ass eng Kéier Lviv, et ass eng Kéier Skadovsk an och d'Stad Bucha.

En anere Volet ass d'Solidaritéit fir d'Mënschen, déi hier Heemecht hu misste verloossen an och fir déi, déi nach op der Plaz sinn. An do gëtt d'Gemeng Stroossen e gutt Virbild, déi sech zanter zwee an halleft Joer fir d'Ukrain asetzt.
Mir kucke wierklech, datt deenen ukrainesche Flüchtlingen, déi bei eis sinn, datt mer deenen op d'Spréng hëllefen an datt se hiert Liewen hei kënne maachen, awer se och stäerken, datt se herno erëm kënnen zréck an d' Ukrain goen, wann de Krich eriwwer ass. En zentrale Punkt war heibäi natierlech d' Ukrainescht Haus, wat mer direkt am Ufank vum Krich opgemaach hunn, e Point de rencontre fir all d'Ukrainer, déi hei liewen, mee och fir d'ukrainesch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg.

Jidderee kann op dësem Dag, den 13. November derbäi sinn, dëst am Centre Barblé zu Stroossen. Et brauch ee sech just unzemellen, nach emol den Nico Pundel.
Et ass wierklech geriicht un all Bierger, déi mol eng Kéier vun enger anerer Säit wëllen dat Bild vun deem Krich an der Ukrain kenneléieren, datt et do ëm vill méi geet, datt et ëm Gemenge geet, datt et ëm Leit geet, déi an der Gemenge liewen, datt et ëm all déi Leit geet, déi e richtege Probleem mam Krich hunn. Fir dat mol eng Kéier ze héieren an net awer nëmmen dat, wat mer op der Tëlee gesinn, wou et ëm Waffeliwwerunge fir d'Ukrain geet.
Moies ëm hallwer 9 geet et un an dauert bis owes ëm 18 Auer.

Hei fannt Dir weider Detailer an do kënnt Dir Iech umellen: