De Service Riicht eraus vun der Croix-Rouge begleet a beréit zanter 20 Joer Täter vun haislecher Gewalt. et sinn dës souwuel Verdächteger wéi och Verurteelter an awer och Mënschen, déi dat fräiwëlleg wëllen. Fir de Problem un der Wuerzel ze paken a virzesuergen, dass et iwwerhaapt net zu enger Grenziwwerschreidung kënnt, ass de Projet LOTUS an d'Liewe geruff ginn, wou bei deene Jonken ugefaange gëtt.

07/11/2024 Lotus - Liewen ouni Transgressioun

LOTUS steet fir Liewen ouni Transgressioun, uechtsam a selbstwierksam. D'Aufgab vum neien Déngscht ass et Mannerjäreger tëscht 12 an 18 Joer ze begleeden, andeems en hinnen hëlleft, hir Emotioune besser ze verstoen an hinne gläichzäiteg déi néideg Tools mat op de Wee ze ginn, fir problematescht Verhalen z'evitéieren. D'Daniela Cabete, Psycholog a Responsabel vu LOTUS erkläert:

An enger éischter Phas wäert et esou sinn, dass mer nëmmen Jonker empfänken, déi am Kader vun enger Contrainte kommen, dat heescht déi vum Parquet geschéckt ginn, oder déi schonn eng Prise en Charge hunn, bei engem vun de Gestionnairë vum Ministère de l'égalité, well de Ministère de l'égalité des genres et de la diversité am Fong geholl de Service wäert finanzéieren.

Et war e Wonsch vum Ministère selwer, deen dem Riicht eraus den Optrag ginn huet, fir mat Jonken ze schaffen. Wann een nämlech esou fréi wéi méiglech ufänkt un sech ze schaffen, kann een och säi Liewen spéider anescht gestalten. Dat ass bei Kanner net anescht, wéi bei Erwuessenen.

Et hänkt ëmmer zesumme mat enger Schwieregkeet, seng Emotiounen ze geréieren, seng Gefiller auszedrécken. Dowéinst schwätzen ech och léiwer vun Transgressiounen oder "grenziwwerschreidend", well dat schonn esou den Zeechen ass, dass do iergendwou ee Malaise ass. Wann et da méi wäit kënnt, dass et wierklech zu Gewaltdoote kënnt, dann ass de Malaise schonn esou grouss, dass effektiv dat Kand, de Jonken oder och de Erwuessenen, déi ganz Panoplie un Emotioune guer ne méi geréiert kritt.

D'Betreiung vum Jugendleche bei LOTUS berout op individuelle Berodungen duerch Psychologen. Wichteg ass och dass d'Elteren oder déi gesetzlech Vertrieder en aktiven Deel an där Betreiung hunn.

Fir den éischte Rendez-vous zum Beispill, muss ëmmer een oder déi zwee Elteren dobäi sinn. Oder wann d'Kanner zum Beispill oder déi Jonk an enger Struktur sinn, engem Foyer, da muss e Representant legal kommen. Also et ass wichteg, dass do den Engagement och do ass, vun engem Erwuessenen, deen dem Jonken nosteet. Wann et d'Eltere lo zum Beispill sinn, dann ass et och esou, dass et virgesinn ass, punktuell d'Elteren eranzeruffen, sief et fir e Gespréich eleng, sief et fir mam Jonken, well dat dem Prozess och hëlleft an de Jonken och weiderbréngt.

LOTUS riicht sech also u jonk Mënschen, déi aggressiivt oder gewalttätegt Verhalen op psychologescher, kierperlecher an/oder op sexueller Basis weisen, sief et am familiären, schouleschen, institutionellen oder ëffentlechen Ëmfeld.