Wien wënscht sech net éiweg Jugend, an am beschten och dass d'Schéinheet ni vergeet, keng Falen opdauchen oder se sech nees séier verzéien mat iergend engem magesche Produit. 'Kollageen' gëtt do ëmmer nees genannt. Mir hunn den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem groussen GesondheetsZenter op der Gare mol ëm seng Meenung gefrot.

Kollageen ass eng Klass vu Proteinnen déi d'Elastizitéit vun der Haut an iwwerhapt och an anere Plazen am Kierper alles zesummenhalen. Dat Wuert ass zesummegesat vum griicheschen 'Kola' wat souvill heescht wéi Pech a 'Gen' heescht produzéiert ginn. Vu dass de Kollageen als Crème net bis dohinner eranzitt, wou et wierklech kënnt hëllefen an einfach nëmmen op den doudegen Hautzellen hänke bleift, huet d'Schéinheetsindustrie aner Weeër gesicht, wéi se de Fraen a Männer d'Suen kéinten aus der Täsch zéien.

Dr Marc Keipes - Haut altert - hëlleft Kollageen

Lo gëtt et 'Kollageen' als Pëllen, Pudderen, Gummibieren, Kollageenkaffi a souguer Kollageenbéier. Klengt net sou appetitlech, mee wann et hëlleft?

De Kollageen gëtt wéi eise Bifdeck och, einfach zersat an der Verdauung. Déi Aminosaieren déi do fräigesat ginn, déi hëllefen bei der Renovatiounsaarbecht an eisem Kierper iwwerall, awer net spezifesch an der Haut. Bei verschiddenen Déiereversich fënnt een och sou kleng Ketten vu Kollageen am Blutt erëm, mee all Human Studien sinn vun der Schéinheetsindustrie gesponsert, an dofir och net wierklech glafwierdeg.

Dr Marc Keipes - Haut altert - wat hëlleft?