... 129 Joer ënnerschreift de schwedeschen Erfinder a Chemiker Alfred Nobel säin Testament, a vermécht där Stëftung säi Verméigen, déi haut d'Nobelpräisser vergëtt.

27/11/2024 Haut virun...

1826 erfënnt den engleschen Apdikter John Walker... net de Whisky... hien erfënnt de moderne Fixspoun mat Reifzündung. Ugangs ass dat Fixfeier awer zimmlech gëfteg an zimmlech geféierlech.

RTL

© Pixabay

Zu Frankfurt gëtt 1896 dem Richard Strauss seng symphonesch Dichtung "Also sprach Zarathustra" uropgefouert. Zanterhier gëtt di imposant Ouverture ëmmer rëm bei Film- a Musekproduktioune benotzt.

1920 huet den "Zorro" säin éischte Kinosoptrëtt. Den Douglas Fairbanks spillt de maskéierte Rächer vun den Aarmen. Zech Verfilmungen, Romaner, Comicken a souguer e Musical sollte nokommen.

No der Besetzung vu Vichy-Frankräich wëllen d'Nazien di franséisch Atlantikflott an hir Gewalt kréien. Am Hafe vun Toulon reagéiert des dorop mat der Versenkung vu bal all hire Krichsschëffer.

1981 gëtt an der Gemeng Déifferdeng d'Minière Thillebierg zougemaach. Et ass di lescht aktiv Minettesgrouf am Land, déi zanter 1865 am Betrib ass. Am Ganze gi ronn 500 Milliounen Tonne Minett ofgebaut.

RTL

© Pixabay

Mir bleiwen ënnert dem Buedem - am Joer 2000 geet de längste Stroossentunnel vun der Welt op. De Lærdaltunnel a Norwegen ass 24.5km laang, an ass eng wanterfest Rout tëscht Oslo a Bergen.

Am Joer 1701 kënnt de schweedeschen Astronom Anders Celsius op d'Welt. No him ass d'Temperaturskala vu Grad Celsius benannt. Ugangs si 0° de Kachpunkt vum Waasser, an 100° de Gefréierpunkt.

RTL

© Pixabay

75 Joer al gëtt de Sportjournalist Marcel Reif. Als Marc Reif gëtt hien a Polen gebuer, a kënnt iwwer Israel an Däitschland, fir spéider di Schwäizer Nationalitéit unzehuelen.

50. Gebuertsdag fir de Musekproduzent Marcus Füreder. Säi Projet Parov Stelar huet och hei zu Lëtzebuerg vill Fans.

An dann ass haut Nationalfeierdag am Mikrostaat Atlantium. Dësen ass 75 Ar grouss, a gëtt haut virun 43 Joer an Australien gegrënnt. D'Haaptstad heescht Concordia, an d'Bevëlkerung vu ronn 1700 Atlantianer verdeelt sech op méi wéi 100 Länner uechter d'Welt.