... 60 Joer flitt di amerikanesch Weltraumsond "Mariner 4" als éischt laanscht de Planéit Mars. Dowéinst gëtt haut den "Dag vum Roude Planéit" gefeiert.

28/11/2024 Haut virun...

An den USA ass haut, wéi all véierten Donneschdeg am November, Thanksgiving. Muer maachen di Meescht d'Bréck, wat zu vill Stau féiert - di eng wëllen an de verlängerte Weekend, di aner gutt Affäre maachen um sougenannte "Black Friday". Oder béides zesummen.

RTL

© Pixabay

1943 fänkt d'Konferenz vun Teheran un. Winston Churchill, Franklin D. Roosevelt a Josef Stalin beroden iwwer dat weidert Virgoen am 2. Weltkrich an iwwer d'Neiuerdnung vun Europa no deem Krich.

1990 gëtt den John Major brittesche Premier, an domat Successeur vun der Margaret Thatcher, di no 11 Joer zréckgetrueden ass.

1927 fänkt den australeschen Unisprofesser Thomas Parnel en Experiment un, dat bis haut dauert. E Weltrekord. Hie géisst waarme Pech an een zouenen Triichter a léisst dësen sech 3 Joer laang setzen. Du gëtt ënnen opgemaach, an zanterhier fléisst de Pech. Ganz lues. Bis elo si 9 Drëpse Pech erauskomm.
Kuckt hei de Livestream vum Triichter:

1968 stierft di brittesch Schrëftstellerin an Autorin Enid Blyton. Ronn 700 Jugendbicher huet si geschriwwen, déi sech méi wéi 600 Millioune mol verkaaft hunn. "5 Freunde", "Hanni und Nanni", "Schwarze Sieben", "Geheimnis um", Dir erënnert Iech bestëmmt un Är Kandheet.

Haut virun 3 Joer stierft de Sir Frank Williams - dee leschte vun de grousse Formel-1-Teamcheffe mat eegener Ecurie. Zanter 1986 war hie geläämt - seng Autoen hu 9x d'Weltmeeschterschaft gewonnen.

An den DJ Ötzi gratuléiert haut bestëmmt och - 84 Joer al gëtt de Bruce Channel, deen dëse One Hit Wonder hat: