© Pixabay
... 125 Joer grënnt de Geschäftsmann a Sportler Joan Gamper den FC Barcelona. Mat 9 Treffer hält de Schwäizer och bis haut de Rekord vun de meeschte Goler an engem Match vu "Barça".
Virun 210 Joer gëtt zu London mat "The Times" di éischt Dageszeitung mat enger Schnellpress produzéiert. Bis zu 1100 Exemplairen an enger Stonn si méiglech - domat gëtt d'Ära vun de Masseblieder agelaut.
© Pixabay
D'Vollversammlung vun de Vereente Natiounen decidéiert 1947 e Plang, deen de jiddesch-arabesche Konflikt um Gebitt vum Brittesche Mandat Palestina léise soll. Wéinst den Interessie vun de Groussmuechten a wéinst dem arabesche Refus Palestina ze deelen, gëtt awer näischt aus dem Plang.
© Pixabay
"Taxi nach Leipzig" heescht di éischte Folleg vun der neier Krimiserie "Tatort", déi haut viru 54 Joer Premiere huet. Di blo Aen am bekannten Intro gehéieren dem Acteur Horst Lettenmayer, dee fir deen Dréi 400 DM krit. D'Titellidd ass vum Klaus Doldinger - Batterie spillt den Udo Lindenberg.
1975 stierft den 2fache Formel-1-Weltmeeschter Graham Hill bei engem Accident mat sengem Fliger. De Papp vum spéidere Weltmeeschter Damon Hill ass bis haut deen eenzege Pilot, deen di sougenannten "Triple Crown" gewanne konnt: Grand Prix vu Monaco, 24h vu Le Mans a 500 Meile vun Indianapolis.
Nummer 678 huet 1990 d'Resolutioun vum Weltsécherheetsrot, déi dem Irak militäresch Konsequenzen undréit, sollt dëse sech net bis Mëtt Januar aus dem besate Kuwait zréckzéien. De 16. Januar fänkt den Zweete Golfkrich un.
© Pixabay
D'lescht Joer stierft den Heinz Kissinger. De gebiertege Bayer flücht virun de Nazien an d'USA a gëtt do Politikwëssenschaftler, Presidenteberoder an Ausseminister. Den Henry Kissinger stierft am Alter vun 100 Joer.