
© Pixabay
... 415 Joer beobacht de Galileo Galilei fir di éischte Kéier mat sengem Teleskop de Mound, an zeechent duerno Kaarte mat Bierger, Krateren an Ozeanen an.
1872 gëtt am Hamilton Crescent Stadion zu Glasgow den éischte Futtballlännermatch gespillt. Wéi et schéngt, wollt awer nach keen e Goal schéissen - Schottland an England trenne sech 0-0.
1958 gëtt d'Kolonie Franséisch-Äquatorialafrika opgeléist. Doraus entstinn d'Länner Republik Kongo, Gabun, Tschad an Zentralafrikanesch Republik, di 2 Joer méi spéit onofhängeg ginn.

© Pixabay
45 Joer al gëtt "The Wall". 1979 kënnt dee 9. Studioalbum vu Pink Floyd eraus. Mat ronn 33 Milliounen Exemplairen ass et de meeschtverkaaften Duebelalbum vun der Welt.
"Thriller" huet sech méi wéi duebel sou dacks verkaaft. Gutt 70 Millioune mol - Weltrekord - haut virun 42 Joer kënnt dem Michael Jackson säin Meeschterwierk op de Marché.
E gutt Joer hu se gebraucht - 1990 ass den Ofrëss vun der Berliner Mauer offiziell ofgeschloss. 6 kleng Ofschnëtter bleiwen als Denkmal stoen.

© Pixabay
Wat hunn de latäinamerikaneschen Danz Rumba, an de Belsche Béier mateneen ze dinn? Richteg - se ginn haut virun 8 Joer allebéid zum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO ernannt.

© Pixabay
Haut virun 150 Joer kënnt de Winston Churchill op d'Welt. Brittesche Premier, Staatsmann a Literaturnobelpräisgewënner.
Och eng brittesch Ikon - wann och aus engem aneren Eck - de Billy Idol gëtt haut 69 Joer al.
Fir de Paul Würdig, besser bekannt als Sido, ass et de 44. Gebuertsdag.
Weltbekannt gi mat der Serie "Big Bang Theory" - d'Actrice Kaley Cuoco feiert hir 39 Joer.
Haut virun 11 Joer stierft den Acteur Paul Walker, bekannt aus de "Fast & Furious" Filmer, bei engem Autosaccident.
An zum Schluss nach eng Kéier Futtball: Gebuertsdag huet dee Mann, deen a senger Profikarriär ni eng giel oder rout Kaart krut, an deen eng Kéier sot:
Futtball ass en einfacht Spill. 22 Männer joe 90 Minutte laang engem Ball no, an um Enn gewannen ëmmer di Däitsch.
De Gary Lineker gëtt 64 Joer al.