Zanter ganz ville Joren ass de Jeannot Lacour den RTL-Gaardenexpert a suergt derfir, dass mir mat eise Planzen gutt duerch d'Fréijoer, de Summer, Hierscht a Wanter kommen. Hien kënnt vill ronderëm, héiert a gesäit vill vu Problemer am Gaart, an huet, duerch seng laang Erfarung, och bal ëmmer e gudde Rot op Lager.

Dës Lescht sinn ech mam Auto duerch en Duerf gefuer, an dunn op emol hunn ech mengen Aen net méi getraut. Ech hunn an engem Virgäertchen, vun engem Haus da gesinn, dass verschidden Planzen schonn zougedeckt waren fir de Wanter, et war e Vlies driwwer. Ech mengen t'ass e bësschen méi kal, mee et sinn nach keng Wantertemperaturen, et muss een wierklech dorop oppassen, fir seng Planzen net ze fréi zouzedecken. Ech selwer sinn kee grousse Frënd fir Planzen zouzedecken, ausser e puer Exceptiounen.

Jeannot Lacour - Planzen zoudecken, elo schonn?

Et muss een jo och den Ënnerscheed maachen tëscht Planzen déi am Kiwwel stinn, an deenen déi an de Buedem geplanzt sinn.

Ech huelen elo einfach emol e Beispill wat a Lëtzebuerg vill verbreet ass. Wat ëmmer méi opkënnt, mat deenen héijen Temperaturen déi mer hunn, mat de mëlle Wanteren wou mer ëmmer méi hunn, Olivebeem oder och nach Palmen zum Beispill. Steet eng Palm oder en Olivebam am Buedem, steet en net grad am Duerchzoch, géif ech d'Planz guer net zoudecken. Wieren elo richteg staark Temperaturen ënner 0 gemellt, mat engem Nordostwand, da kann ech jo nach ëmmer ganz schnell reagéieren, dann d'Planzen zoudecken, just fir déi Zäit wou et kal ass.

Jeannot Lacour - Planzen zoudecken - Palmen an Olivebeem