Eise Grand-Duché ass schonn eent vun de klengste Länner op der Welt. Mee et geet nach méi winzeg. Am Verglach mat de sougenannte Mikronatioune si mir e risegt Land. An et gëtt och nach aner, deels ganz skurill Ënnerscheeter. - mol méi mol manner eescht

22/11/2024 Nach méi kleng wéi Lëtzebuerg

Um Südpol gëtt et och e Grand-Duc. Vum Grand-Duché Flandrensis. Jo, de Verdacht ass berechtegt, Flandrensis kléngt ferm belsch - zanter 2008 beusprocht de Belsch Niels Vermeersch e puer Insele vun der westlecher Antarktis, a gesäit säi Groussherzogtum als asbl déi sech fir de Schutz vum éiwegen Äis asetzt.

RTL

© Facebook / Grand Duchy of Flandrensis

Tëscht Kroatien a Serbien läit Liberland. Ronn 7km2 kleng - weder di eng nach di aner beusprochen deen onbewunnten Terrain. Eenzegt Gebai ass eng verfale Juegdbud. Do fält et schwéier ze gleewen, dass Monaco a Liechtenstein Virbild ware bei der Grënnung vun deem Mikrostaat. Jidderee ka Member ginn, soulaang e net Kommunist, Nazi oder soss en Extremist ass. Käschtepunkt: 10.000$ a Form vu Bitcoins.

An der selwechter Regioun läit zanter 6 Joer di parlamentaresch Monarchie Duckionary. 4.3km2 kleng, di awer besidelt solle ginn. D'Regierung hält diplomatesch Kontakter mat de Mini-Länner Kugelmugel a Seborga.

Kugelmugel ass eigentlech e kugelförmegt Haus, dat 1971 an Éisträich als Konschtprojet ouni Baugeneemegung opgeriicht gi war. Et koum zum Rechtssträit, wouropshin de Kënschtler seng Konstruktioun zum Haus vun der Republik Kugelmugel deklaréiert huet. 1982 gouf et an de Wiener Prater verluecht. Do gouf et virun 2 Joer renovéiert, an dëse Summer waren d'Grenzen zu Éisträich rëm op. Entretemps kënnt dir bei der neier Staatspresidentin fir 100 Euro eng Staatsbiergerschaft ufroen.

Seborga ass eng weider Mikronatioun - se läit am äusserste Nordweste vun Italien an huet 1993 hir Onofhängegkeet proklaméiert. Si sinn der Meenung, datt si vëlkerrechtlech ni zu Italien gehéiert hunn. Di ronn 300 Awunner hu sech hiren eegene Staat gegrënnt, mat eegener Police, mat eegene Placke fir den Auto, mat eegenen Timberen, a mam Luigino - hirer eegener Wärung. Do denkt een dach kuerz un de Beki...

Weider geet et mam Kingdom of EnenKio. En 6km2 groussen Atoll am Pazifik, dee virun 30 Joer vu separatistesche Bewunner vun de  Marshallinselen ausgeruff gi war. Seet d'Legend. Wéi et schéngt, stiechen awer Amerikaner dohannert, déi mat Hëllef vun dësem Fake-Land dubiéis Finanzgeschäfter méiglech wollte maachen.

RTL

© Pixabay

Am US-Bundesstaat Nevada gëtt et net just Casinoen, mee och nach d'Mikronatioun Molossia. Dem Herrscher Kevin säi Staatsgebitt ass 53 Ar grouss, a bis haut ass Molossia am Krichszoustand mat der DDR. Firwat och ëmmer. 2010 war d'Land iwwerfall ginn, a fir puer Deeg ëmbenannt ginn a "Kickassia".

Do war eng Kéier den DJ Randy Williams op Besuch, wat dozou gefouert huet, dass hie virun 3 Joer och e Mikrostaat gegrënnt huet. Slowjamastan - an der Géigend vu San Diego. Hien ass de Sultan vun deem Land, dat net bewunnt ass. Op de 45m2 sti nëmmen e Grenzschëld, e Grenzposten an dem Sultan säi Schreifdësch.

Principado da Pontinha - d'Principautéit vu Pontinha ass eng kleng Insel just virun der Côte vu Funchal op Madeira. Do regéiert e Konschtproff als Prënz Dom Renato Barros I. - hien huet di Insel viru 24 Joer kaaft a se 2007 zum souveräne Staat erkläert. D'Rechter dofir waren dem Besëtzer vum Terrain 1903 an engem kinnekleche Bréif iwwerdroe ginn. Trotzdeem gëtt d'Land net vun anere Staaten unerkannt.

An dat ass d'Lous, dat des an all aner Mikronatiounen, egal wéi e wichtegen oder just witzegen Hannergrond se och hunn, mateneen deelen. Di meeschte Ministaaten ënnerhalen awer diplomatesch Relatiounen ënnerteneen, an d'Staatscheffen treffe sech och reegelméisseg zu "grousse" Sommeten.

Hei nach méi Mikronatiounen: