... 5 Joer kënnt et zu Wuhan a China zum éischte confirméierte "Corona"-Fall. De Virus verbreet sech séier ronderëm d'Welt a féiert zur Covid-Pandemie.

01/12/2024 Haut virun...

1953 kënnt deen éischte "Playboy" eraus. Nieft Artikelen iwwer Musek, Literatur a Bürosdesign ass am sougenannte "Centerfold" eng plakeg Fra ze gesinn. Di deemools nach relativ onbekannte Marilyn Monroe.

1955 gëtt zu Montgomery am Alabama d'Rosa Parks festgeholl, well si an engem Bus engem Wäissen net hir Plaz wollt iwwerloossen. Dëst huet den 382 Deeg laange Bus-Boykott vu Montgomery zur Folleg, deen zum Ophiewe vun der Rassentrennung an den USA mat bäigedroen huet.

1959 ënnerschreiwen 12 Länner den Antarktis-Vertrag. Doran ass festgehalen, dass kee Staat Usproch huet op deen Terrain, an dësen och net militäresch genotzt dierf ginn.

RTL

© Pixabay

Haut viru 40 Joer start den Tëleessender 3sat - et ass eng Gemeinschaftsproduktioun vun ZDF, ORF an SRG. Genee 9 Joer méi spéit geet den däitschen MTV op Sendung: VIVA.

1990 geléngt beim Bau vum Eurotunnel den Duerchbroch. Fir di éischte Kéier zanter der Äiszäit kann ee rëm mat dréchene Féiss vum europäesche Festland a Groussbritannien goen.

2009 trëtt den Traité vu Lissabon a Kraaft. E Kontrakt tëscht den deemools 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, dee wesentlech Inhalter vum Traité iwwer eng europäesch Verfassung vun 2004 iwwerhëlt. Ausserdeem dra festgehalen ass d'Fusioun tëscht der Europäescher Unioun an der EG.

Ee groussen Hit hat de Billy Paul - den amerikanesche Museker wier haut 80 Joer al ginn. 79. Gebuertsdag haut fir de Regisseur, Auteur, Acteur a Komiker Woody Allen.