
© Pixabay
... 220 Joer kréint sech de Napoléon Bonaparte an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis zum Keeser vun de Fransousen.
Dem Napoléon säi Neveu Charles-Louis-Napoléon Bonaparte ass 1851 Staatspresident a féiert kuerz virum Enn vu senger Amtszäit e Staatsstreech duerch. Zwou Volleksofstëmmungen a genee 1 Joer méi spéit kréint hien sech zum neie Keeser vu Frankräich. Et ass d'Enn vun der Zweeter Franséischer Republik.
1895 huet e Mann eng spontan Iddi, wéi en sech moies de Baart mécht. Et misst ee sech raséiere kënne mat enger Kléng, déi net geschäerft muss ginn. Um 2.Dezember 1901 krit en e Patent op des Erfindung - de Mann heescht: King Camp Gillette. De Rescht ass Geschicht.
1956 landen de Fidel Castro an den Che Guevara mat 80 vun hire Revolutionären am Oste vu Kuba. Domat fänkt de Guerillakrich géint den Diktator Batista un, a genee 5 Joer méi spéit proklaméiert de Castro d'Aféiere vum Kommunismus op Kuba.

© Pixabay
1971 ginn di Vereenegt Arabesch Emirater gegrënnt. Abu Dhabi, Dubai, Schardscha, Adschman, Umm al-Qaiwain a Fudschaira, déi bis dohin ënnert dem Numm Trucial States brittescht Protektorat ware, kréien hir Onofhängegkeet an dinn sech zesummen. D'Joer drop kënnt nach d'Emirat Ra’s al-Chaima dobäi.

© Pixabay
Mäerder, Staatsfeind, Volleksheld - scho virun der Netflixserie "Narcos" ass en eng Aart Legend a Kolumbien - de Chef vum Medellin-Drogekartell Pablo Escobar gëtt haut virun 31 Joer vun engem Sonnerkommando erschoss.
1973 kommen zwee bekannten an erfollegräich Sportler op d'Welt. Di amerikanesch Tennisspillerin Monica Seles an den däitsche Cyclist Jan Ullrich.
46. Gebuertsdag fir d'Nelly Furtado.
45 Joer al gëtt d'Yvonne Catterfeld.
41 Käerzen um Kuch sinn et fir d'Britney Spears.