... 40 Joer explodéiert am indesche Bhopal eng Pestizidfabrik. 8.000 Mënsche stierwen direkt - ronn 20.000 an de Joren duerno un de Suitten.

03/12/2024 Haut virun...

A Südafrika geléngt 1967 di éischt Häerztransplantatioun bei engem Mënsch. Trotz gelongener Operatioun stierft de Patient 18 Deeg méi spéit un enger Longenentzündung.

RTL

© Pixabay

An der DDR trëtt 1989 de ganzen Zentralcomité vun der SED ronderëm de Generalsekretär Egon Krenz zréck. Dee selwechten Dag gesi sech den US-President Bush an de sowjetesche Generalsekretär Michail Gorbatschow op engem Croisièresschëff viru Malta. Si kommen zur Conclusioun: de Kale Krich ass eriwwer.

1992 schéckt de britteschen Ingenieur Neil Papworth iwwert de neie "Short Message Service" eng Noriicht vun engem Computer op e mobillen Telefon. Den Empfänger ass op der Chrëschtfeier vu sengem Betrib, dowéinst schreift de Papworth "Merry Christmas" a säi Message. Et ass di weltéischten SMS.

RTL

© Pixabay

Haut virun 30 Joer brénge Sony di éischte PlayStation eraus. A Japan - de Rescht vun der Welt muss nach ronn 10 Méint op di nei Spillkonsol waarden.

2006 gëtt bei Gelsenkirchen den 337m héije Kamäin vun engem fréiere Kraaftwierk gesprengt. Et ass dat héchste fräistoend Bauwierk, dat jeemools kontrolléiert zesummefale gedoe gëtt.

"Godfather of Metal" gëtt e genannt, oder "Prince of Darkness", den John, Spëtznumm "Ozzy" Osbourne gëtt 76 Joer al.

Dat "schéinste Gesiicht aus dem Osten" gëtt 4x Weltmeeschterin am Äiskonschtlaf a gewënnt 2x Olympiagold - d'Katarina Witt feiert hire 59. Gebuertsdag.

An haut viru 26 Joer stierft den amerikanesche Museker John Paul Larkin. Als Scatman John huet e méi wéi 20 Millioune Placke verkaaft.