
© Pixabay
... 100 Joer geet zu Berlin di éischt Funkaustellung op. Bis haut ass et déi Geleeënheet vum Joer, engem breede Publikum di neiste Gebrauchs- an Ënnerhalungselektronik ze presentéieren.
Haut viru 70 Joer ass et zu Miami a Florida d'Ouverture vun engem neie Fastfood Restaurant. "Insta Burger King" heescht en. Hiren éischte Burger kascht 18 Cent - deen éischte "Whopper" kënnt 3 Joer méi spéit op d'Menüskaart stoen. Nach emol 2 Joer méi spéit fält den "Insta" ewech, an d'Chaîne heescht just nach "Burger King".
Am Kader vum Mercury-Programm schéissen d'Amerikaner 1959 de Rhesusaf Sam an de Weltraum. D'Funktionalitéit vun de Rettungssystemer soll getest ginn. De Sam iwwerlieft den 11 Minutte laange Vol, ass awer laang net dat éischten, an och laang net dat leschten Déier, dat aus Testzwecker Astronaut spille muss.
1971 spillt de Frank Zappa mat senger Band "The Mothers of Invention" um Jazz Festival vu Montreux, wéi e Feier am Sall ausbrécht. Deep Purple sinn och an der Stad a gesinn aus hirem Hotel, wéi den Damp sech iwwert de Genfer Séi ausbreet. Doraus entsteet e Lidd mam Aarbechtstitel "Durh Durh Durh", wouraus spéider "Smoke on the Water" gëtt.
Apropos Frank Zappa - den exzentresche Museker stierft haut virun 31 Joer un de Suitte vun enger Kriibserkrankung.
Eng weider Kultband si Led Zeppelin. Haut viru 44 Joer gi se, 2 Méint nom Doud vun hirem Drummer John Bonham, d'Opléisung vun der Grupp bekannt.
Haut virun 20 Joer sti U2 op Plaz 1 vun de UK Charts mat hirem 11. Studioalbum "How to dismantle an Atomic Bomb". An 33 weidere Länner sti se och un der Spëtzt vun den Hitparaden.
A bei de Gebuertsdagskanner vun haut bleiwe mir och am Beräich Musek:
De brittesche Produzent Adam Sky gëtt 57 Joer al. Als Adamski huet en zesumme mam Seal dëse One-Hit-Wonder:
Säi 55. Gebuertsdag feiert de Shawn Carter. Richtege Numm vum Jay-Z - Rapper, Producer, Chef vum Plackelabel Def Jam a bestuet mam Beyoncé Knowles.
42. Gebuertsdag fir de Marten Laciny - sou heescht den däitsche Rapper Marteria mat richtegem Numm.