... 79 Joer verléiert d'US Navy 5 Trainingsfligere wärend engem Übungsvol virun der Côte vu Florida. Dat Ongléck begrënnt de Mythos vum Bermudadräieck, an deem anscheinend weider Fligeren a Schëffer spuerlos verschwannen.

05/12/2024 Haut virun...

1848 hält den US-President James Polk eng Ried virum Kongress, an där hie confirméiert, dass a Kalifornien tatsächlech Gold fonnt gouf. Doraus entwéckelt sech de Goldrausch. Honnertdausende Leit zéie Richtung Westen fir hiert Gléck ze fannen. Di Meeschten di räich ginn, sinn awer Händler a Geschäftsleit op der Plaz, déi vun de Goldgriewer profitéieren.

1952 läit ganz London ënnert enger décker Klack aus Ofgasen. "The Great Smog" entsteet aus enger Mëschung vun Loftverschmotzung an defavorabele Meteoskonditiounen. 4 Deeg laang gi se dee Wantersmog net lass - un de Suitte stierwe ronn 12.000 Mënschen.

1969 ass d'Weltëffentlechkeet schockéiert iwwert e Reportage am "Life" Magasinn, deen iwwer d'Massaker vu My Lai am Vietnamkrich beriicht. Di amerikanesch Arméi hat 504 Zivilsten ëmbruecht a wollt di Aktioun vertuschen. De Journalist Seymour Hersh krit dofir de Pulitzerpräis.

Alles huet een Enn - no 5 Joer a 45 Episoden gëtt 1974 op der BBC di leschte Folleg vum "Monty Python's Flying Circus" gewisen.

2017 suspendéiert den Internationalen Olympesche Comité mat Russland fir di éischte Kéier eng ganz Natioun vun Olympesche Spiller. Grond ass de systematesche Dopping, dee vun offizieller Säit bedriwwe gëtt.

RTL

© Pixabay

Wou mir grad beim Wantersport sinn - de sympathesche Loser Michael Edwards gëtt haut 61 Joer al. Hie war 1988 bei de Wanterspiller zu Calgary deen éischte brittesche Skisprénger, a sollt als "Eddie the Eagle" mat sengem décke Brëll weltbekannt ginn.

Da sinn um 5. Dezember vill bekannte Leit vun eis gaangen:
1791 stierft de Joannes Chrysostomus Wolfgangus Theophilus Mozart. Meeschtens gëtt en Wolfgang, oder just Wolferl genannt - de Mozart, éisträichescht Museksgenie, gëtt nëmme 35 Joer al.

2013 stierft de Nelson Mandela, südafrikaneschen Anti-Apartheid-Kämpfer, Staatspresident a Friddensnobelpräisdréier.

2014 verléisst eis di belsch Kinnigin Fabiola.

2017 geet de gréisste franséische Museker - a 5 Joerzéngte Karriär huet den Johnny Hallyday méi wéi 100 Millioune Placken verkaaft.

Virun 3 Joer stierft de brittesche Museker John Miles, a virun 2 Joer ass et den Doud vun der amerikanescher Actrice Kirstie Alley.