... 112 Joer gëtt bei Ausgruewungen an Ägypten d'Büst vun der Nofretete fonnt. Si zielt zu de bekanntste Konschtschätz, ass haut am Ägyptesche Musée zu Berlin ausgestallt, a soll ronn 400 Milliounen Euro wäert sinn.

06/12/2024 Haut virun...

Haut viru 95 Joer gëtt per Gesetz fir di éischt Kéier de Wäert vum Lëtzebuerger Frang op e Goldgewiicht vun 0,0418422 Gramm festgeluecht.

2017 erkennt den deemolegen US-President Trump di israeelesch Stad Jerusalem als nei Haaptstad vum Land un. Donieft gëtt di amerikanesch Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem verluecht. No internationale Protester geet zu Washington d'Meldung eraus, dass déi Decisioun net definitiv wier, an dass eng final Decisioun den Israeelien an de Palestinenser iwwerlooss wier.

RTL

© Pixabay

Zu de Gebuertsdagskanner:
1792 gëtt de Willem van Oranje-Nassau gebuer. Als Wëllem II. ass hie vun 1840 bis 1849 Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg. No him ass de Knuedler an der Stad benannt (Place Guillaume II), an d'Monument mam Reider op sengem Päerd stellt hien och duer. Zu Den Haag gëtt et iwwregens genee di selwecht Statu.

Gutt 12 Millioune Placken huet en a senger méi wéi 50 Joer laanger Karriär verkaaft - den "Armani-Rocker" Marius Müller-Westernhagen gëtt 76 Joer al.

Poznennö! 70 Joer krit haut dee Mann, deen eisem nationale Superheld Superjhemp d'Wieder an de Mond leet - de Lucien Czuga. Dorop eng gutt Ënnenzopp...

RTL

2005 stierft de Charly Gaul. De lëtzebuergesche Vëlossportler huet 1x den Tour de France an 2x den Giro d'Italia gewonnen. Den "Engel vun de Bierger" konnt a béide Coursen am Ganzen 21 Etappe fir sech entscheeden.

Eng weider Ikon am Lëtzebuerger Cyclissem ass 1951 wärend 3 Deeg am Maillot Jaune vum Tour de France gefuer. De Bim Diederich verléisst eis virun 12 Joer.