Normalerweis bréngen déi Lëtzebuerger Bande Dessinées Auteuren hir Bicher selwer oder bei engem Lëtzebuerger Editeur eraus. Doduerch ass et dacks schwéier, datt hir Aarbecht och iwwert d'Grenzen eraus bekannt gëtt. Den Tunn Grimée ass do eng Ausnam. Déi lescht Bande Dessinée déi hie gezeechent huet, ass bei engem vun den historeschen Editeuren a Frankräich erauskomm.

20/11/2024 L'arnaque des nouveaux pères - Enquête sur une révolution manquée (Internet)

"L'arnaque des nouveaux pères" heescht déi Bande Dessinée, an där et ëm d'Roll vun de Pappen an eiser Gesellschaft geet. Déi zwee Journalisten Stéphane Jourdain a Guillaume Daudin hunn zesumme mam Tunn Grimée eng sëllechen Interviewe mat Pappen a Mamme gefouert, fir ze beleeën, datt déi Roll déi d'Pappen an hirer Famill spillen, nach ëmmer net esou wäit geet, wéi et dacks duergestallt gëtt. Dofir ass de Rescht vum Titel och "Enquête sur une révolution manquée". Well och wa sech eppes geännert huet, dann awer nach laang net esou am Fong wéi et néideg wier. Wa Pappe sech mat hiren eegene Pappe vergläichen, dann huet sech par rapport zu fréier vill gedoen. Mä am Verglach mat hire Partnerinnen sinn d'Aufgaben an der Koppel nach ëmmer net gläichméisseg verdeelt. D'Pappe verbrénge méi Zäit mat hire Kanner, awer virun allem bei deene méi "wertvollen" Aufgaben, wärend déi ganz Organisatioun am Hannergrond an déi manner schéin Aufgaben dacks nach ëmmer vun de Fraen erleedegt ginn.

D'Enquête probéiert eraus ze fannen, firwat dat esou ass, a wou et nach ëmmer klemmt. Dofir sinn net nëmme Pappen a Mammen interviewt ginn, mä och PolitikerInnen, AktivistInnen, an HistorikerInnen. Datt d'Buch vun dräi Männer realiséiert ginn ass, soll weisen, datt Männer sech och bewosst sinn, datt nach laang net alles perfekt ass, an datt sech eppes ännere soll. An do zécke si och net, fir de Geck mat sech selwer an hirer Roll als Papp ze maachen.

Am Verglach mat Lëtzebuerg ass Frankräich och bei soziale Leeschtunge fir Pappen nach wäit hannendran. Mä am Verglach mat Skandinavien brauch Lëtzebuerg sech net ze bretzen. Déi si vill méi wäit ewéi déi aner Länner an Europa, an d'Auteure sinn an hirer BD och der Fro nogaangen, firwat dat esou ass.

Et ass ee Buch dat d'Lieser soll dozou bréngen hir Rollen ze hannerfroen. Et ass ee Sujet iwwert deen ee vill diskutéiere kann. D'Auteure ware schonn op eng Partie Table Ronden a Frankräich invitéiert, viraussiichtlech am Februar ass esou eng Table Ronde och zu Lëtzebuerg geplangt.

"L'arnaque des nouveaux pères: Enquête sur une révolution manquée", mat den Zeechnunge vum Tunn Grimée an de Recherche vun de Journaliste Stéphane Jourdain a Guillaume Daudin, ass elo schonn an der drëtter Editioun bei den Editions Glénat erauskomm. D'Buch huet 184 Säiten a kascht ronn 20 Euro.