Méi wéi 80 Liter Reen op de Metercarré






















































































































































































































































































No der Sonn e Méindeg de Mëtteg hunn d'Previsioune fir méi spéit um Owend respektiv an der Nuecht ganz ongemittlech ausgesinn.
Reen gouf annoncéiert an net ze knapps. Den nationale Wiederdéngscht Meteolux huet fir dat ganzt Land eng Warnung erausgi wéinst zolittem Reen tëscht Méindegowend 22 Auer an Dënschdeg de Moien 8 Auer. Plazeweis kéinten iwwer 80 Liter op de Metercarré bannent 24 Stonnen eroffalen.
D'Cellule d’évaluation du risque intempéries-inondations (CERI) hat sech dowéinst e Méindeg de Moien eng éischte Kéier getraff, fir d'Situatioun ze evaluéieren. Am Nomëtteg gouf et dann eng zweet Entrevue. D'Cellule fir Wiederen hat do mat Reequantitéite vun tëscht 25 an 50 Liter de Metercarré gerechent, woubäi lokal bis zu 80 Liter de Metercarré méiglech wieren.
Vu Kachelmannwetter huet et e Méindeg den Owend geheescht, dass dat Schlëmmst nach an der Nuecht soll kommen. Deels solle souguer 100 bis 150 Liter Reen de Metercarré falen. Et ass och d'Consigne, am beschten doheem ze bleiwen an zemools vu Flëss a Baache soll ee sech ewech halen.
De kompletten Iwwerbléck fannt Dir an eisem Liveticker.
An de leschte Stonnen ass dann och scho vill Reen plazeweis erofkomm. Eleng zu Bettenduerf si bal 80 Liter Reen de Quadratmeter bannent zwou Stonne gefall, dovun eleng 43 tëscht 20 an 21 Auer.
Géint 19.30 Auer hat et och an der Stad ugefaangen, zolidd mat reenen, dat ënnert anerem um Glacis op der Schueberfouer, wou schonn no kuerzer Zäit d'Offlëss an de Stroossen iwwergelaf sinn. Och d'Eecher Plaz an de Rollengergronn solle relativ zäitgläich iwwerschwemmt gi sinn.
Kuerz no 20.30 Auer huet d'Police informéiert, dass d'Place Dargent zu Eech zäiteweis wéinst dem Héichwaasser gespaart gouf. Do hunn d'Mataarbechter vun der Stad Lëtzebuerg e Méindeg den Owend spéit nach Sandsäck u betraffe Bierger a Betriber verdeelt.
Gespaart gouf dann och d'Rue de Bridel wéinst Bulli, deen aus de Felder a Wisen op d'Strooss gelaf ass. Dowéinst leien och plazeweis Beem ëm, déi duerch de mëlle Buedem keen Halt méi hunn. Zu Welsdref koum et zu engem Äerdrutsch.
An der Rue de Rollingergrund an der Stad. / © Arnaud Serexhe
Ënnert anerem huet d'Gemeng Miersch gewarnt, dass d'Uelzecht an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg dierft staark klammen a riskéiert iwwerzelafen.
An der Nuecht gëtt et e verstäerkten Iwwerschwemmungsrisk, notamment laanscht d'Uelzecht a laanscht kleng Gewässer am Süden an am Oste vum Land. Dat huet d'Waasserwirtschaftsamt gemellt. Et gëllt och eng Alerte wéinst potenziellem Héichwaasser am Norden.
D'Autoritéiten erënneren drun, dass virun allem d'Leit op de Campingen, déi beim Waasser leien, oppassen an d'Meteo-Situatioun suivéiere sollen. CGDIS a Police géifen iwwerdeems hir Ekippe verstäerken iwwer Nuecht.
A Frankräich huet och d'Météo-France fir d’Départementer Moselle a Meurthe-et-Moselle eng orange Warnung erausginn. Fir eis Grenzregioune si bis zu 80 Liter op de Metercarré Ree gemellt.
En Dënschdeg am Laf vum Moie wäert de Reen scho manner ginn. Déi weider Entwécklunge vun der Meteo kënnt Dir op MeteoLux oder op LU-alert.lu suivéieren.
RTL hält Iech a sengem LIVETICKER um Lafenden.