Offlëss lafen um Glacis wéinst dem Reen iwwer, Stroossen deels iwwerschwemmt
Géint 19.30 Auer huet et e Méindeg den Owend op ee Coup massiv ugefaangen, mat reenen. Esou vill, dass op Plazen ëm d'Fouer d'Offlëss iwwergelaf sinn.
Domadder huet de massive Reen am Land dann dach däitlech éischter ugefaangen, vum Himmel ze falen, wéi dat ufanks vu Meteolux annoncéiert gouf.
Géint 19.30 Auer koum de Schluet erof an huet vill Visiteuren op der Fouer kal erwëscht. Op Biller ass ze gesinn, wéi Leit vun der Fouer en Ënnerdaach sichen, fir sech virum Reen ze schützen. Bannent Minutte waren d'Offlëss ronderëm de Glacis schonn iwwergelaf a Still vun Terrasse louche matten um Trottoire oder iwwert d'Strooss verstreet.
Wéi et heescht, soll sech d'Situatioun géint kuerz no 20 Auer awer schonn nees an der Stad berouegt hunn.
Och de Gilbert Legil, de Sekretär vu Forrainen, huet op eis Nofro hi berouegt. D'Gemeng hätt um kuerz no 19.30 Auer signaliséiert, dass ee wéinst der Sécherheet d'Attraktioune misst kuerz stoppen, ma et wier awer schonn nees alles opgehuewen, et wier kengen eppes geschitt an och näischt zu schued komm.