Nom zolitte Reen um Méindegowend an an der Nuecht huet d'Situatioun sech am Laf vum Dënschdeg berouegt.

Schonn am Laf vum Méindeg hat sech annoncéiert, dass d'Situatioun géif riskéieren, ongemittlech ze ginn. Den nationale Wiederdéngscht Meteolux hat um 22 Auer owes eng Alerte rouge wéinst zolittem Ree fir dat ganzt Land erausginn. Et war een dovun ausgaangen, dass plazeweis iwwer 80 Liter op de Metercarré kéinte falen.

Och d'Cellule d'évaluation du risque intempéries-inondations (CERI) war um Méindeg zesummekomm, fir d'Situatioun ze analyséieren. D'Cellule fir Wiederen hat do mat Reequantitéiten tëscht 25 an 50 Liter de Metercarré gerechent, woubäi lokal bis zu 80 Liter de Metercarré fir méiglech gehale goufen.

Kachelmannwetter hat iwwerdeems matgedeelt, dass de meeschte Reen an der Nuecht géing falen, mat bis zu 150 Liter op de Metercarré.

Plazeweis vill Schied an der Stad

Et huet dann och zolidd gereent an der Nuecht op en Dënschdeg. Wéi Kachelmannwetter um 6.50 Auer en Dënschdegmoie matgedeelt huet, si plazeweis déi 150 Millimeter Reen op de Metercarré gefall, also duebelt esou vill, ewéi soss bannent engem ganze Mount. Besonnesch zu an an der Géigend ronderëm Miersch hat et zolidd gereent.

Déi gréisste Schied gouf et awer an der Stad, besonnesch zu Hamm an um Cents. D'Leit hunn hei bei staarkem Ree méi dacks mat Iwwerschwemmungen ze kämpfe gehat. Eppes, wat op Dauer och eng psychesch Belaaschtung ka sinn.

Uechter d'Land sinn dann och d'Peegel vun de Flëss zolidd geklommen. D'Côte de Vigilance gouf op quasi all de Miessstatiounen erreecht. Deementspriechend huet d'Waasserverwaltung dann och rout Vigilancë fir den Norden an de Süde vum Land rausginn.

400 Asätz vum CGDIS

Um 5 Auer en Dënschdegmoien huet de Poste de commandement opérationnel commun (PCO-C) en éischte Bilan vun den Asätz vun de Rettungsdéngschter publizéiert. Bis dohi goufen 298 Asätz vum CGDIS gezielt.

Am Ganze ware 16 Asazzenteren (CIS) an dräi spezialiséiert Interventiounsgruppen (GIS) am Asaz an de "Centre de gestion des opératiouns" (CGO) gouf aktivéiert.

200 Pompjeeë waren am Asaz. Iwwerdeems war d'Police 30 Mol ausgeréckt an et ware 70 Appellen um 113 agaangen.

Méi spéit huet den Inneminister Léon Gloden RTL da méi aktuell Zuele genannt. Deemno waren d'Ekippe vum CGDIS am Ganze 400 Mol am Asaz. Et waren 856 Noutriff agaangen an 12 Leit goufen aus Autoe gerett.

Lëtzebuerg war an "engem Schlauch fiichter Loft"

Grond fir de ville Ree wier e Schlauch vu fiichter Loft gewiescht, dee sech vum franséische Massiv central iwwer Lëtzebuerg ewech a Richtung Norde gezunn huet. Lëtzebuerg wier genee an der Mëtt vun deene fiichte Loftmasse gewiescht. Dat huet de Wiederexpert Jörg Kachelmann en Dënschdeg kuerz viru 6.30 Auer am Interview mat RTL erkläert. Et wier ganz seelen, dass d'Konditiounen a punkto Reen esou genee passe géifen.

De Jörg Kachelmann am RTL-Interview

Dass d'Loft esou fiicht ass, hätt awer och mam Klimawandel ze dinn. Eng méi waarm Welt wier och eng méi naass Welt, esou de Jörg Kachelmann.

Dass d'Situatioun a punkto Héichwaasser esou roueg bliwwe wier, hätt virun allem domat ze di gehat, dass déi grouss Flëss verhältnisméisseg eidel waren. Plazeweis sinn nämlech 150 Liter Reen op de Metercarré gefall. Op verschiddene Plazen huet et bannent zwou Stonnen esouvill gereent, ewéi soss bannent engem ganze Mount.

D'Situatioun huet sech berouegt

Am Laf vum Dënschdegmoien huet d'Situatioun sech dann ëmmer weider berouegt. D'Waasserverwaltung huet d'Vigilance fir den Norden opgehuewen, an d'Vigilance orange fir de Süde gouf am Laf vum Nomëtteg annuléiert.

Kachelmannwetter confirméiert dann och, dass déi fiicht Loftmasse mat deem ville Ree weidergezu sinn, an de Reen deemno däitlech manner ginn ass.