... 83 Joer gräifen d'Japaner den US-Stëtzpunkt Pearl Harbor op Hawaii un. Doraus resultéiert den Amerikaner hiren Antrëtt an den Zweete Weltkrich.

07/12/2024 Haut virun...

1888 mellt den engleschen Apdikter John Boyd Dunlop säi vun him erfonnte Loftpneu fir e Patent un. Eigentlech war dëse scho 40 Joer méi fréi vun engem Schott erfonnt ginn, hat sech awer ni kënnen duerchsetzen a sou war dat Patent ausgelaf. Anscheinend wousst den Dunlop näischt dovun.

Däitschland a Polen ënnerschreiwe 1970 e Kontrakt iwwer d'Normaliséierung vun hire Bezéiungen. Virum Denkmol vum Warschauer Ghetto geet de Bundeskanzler Willy Brandt spontan op d'Knéien. E Symbolbild dat ëm d'Welt geet.

1972 maache sech mat Apollo 17 virleefeg di leschte Mënschen op de Wee a Richtung Mound. Et ass di eenzeg Apollo-Rakéit, déi nuets start.

L'arte tradizionale dei pizzaiuoli napoletani - di traditionell Konscht vun de napolitanesche Pizzabäckeren - gëtt 2017 vun der UNESCO zum immaterielle Weltkulturierwen deklaréiert. Eng Pizza Napoletana, resp. Margherita, besteet aus Basilikum (gréng), Mozzarella (wäiss) an Tomaten (rout). Also aus den italieenesche Nationalfaarwen.

1956 kënnt ee vun de beschte Basketspiller vun allen Zäiten op d'Welt. An den 80er gëtt hien 3x Champion mat Boston, en gëtt 3x wäertvollste Spiller an der NBA a gewënnt '92 Olympiagold mam faméisen "Dream Team". De Larry Bird gëtt 68 Joer al.

Viru 4 Joer stierft den Charles "Chuck" Yeager. Den amerikanesche Militärpilot ass 1947 deen éischte Mënsch, deen d'Schallmauer duerchbrécht.

An deem Kader sief da nach erwäänt, dass haut den internationalen Dag vun der ziviller Loftfaart ass.
A vun haut un, bis de 17., kënnt dir owes oder nuets mol an den Himmel kucken - 10 Deeg laang si lo d'Geminiden ënnerwee - vläicht gesitt dir jo di eng oder aner Stäreschnäiz.