
© rtl.lu
... 400 Joer droe Studenten aus dem Jesuittekolléisch eng Muttergottesstatu virun d'Stadmaueren op d'Feld vum Glacis. D'Figur krit den Titel "Consolatrix Afflictorum". Doraus entsteet d'Muttergottesoktav.
Een Dag no der iwwerraschender Attack op Pearl Harbor erkläert den US-President Roosevelt 1941 Japan de Krich. CUT D'Japaner hirersäits starte mat der Invasioun vun Thailand a gräifen di brittesch Krounkolonie Hongkong un.
E bloe Fändel mat 12 gëllene Stären - 1955 beschléisst den Europarot säi neien Emblème. Blo fir de westlechen Himmel, d'Stäre fir all d'europäesch Vëlker - och fir déi, di um friddlechen Opbau vun Europa nach net deelhuele kënnen. Wiem seng Erfindung dee Fändel war, doriwwer gëtt nach haut gestridden.

© Pixabay
Mat "Hotel California" vun den Eagles kënnt 1976 ee vun de meeschtverkaaften Albumen eraus. Ronn 32 Milliounen Exemplaire gi wech. Den Eagles hire Best-Of Album vun ugangs '76 verkeeft sech nach besser.
1980 gëtt den John Lennon erschoss. Viru senger Hausdier beim Central Park zu New York waart owes de Mäerder Mark David Chapman, dee sech mëttes nach eng Plack ënnerschreiwe gelooss huet vum fréiere Beatle. De geeschteg kranken Chapman sëtzt nach haut am Prisong.

© Tom Nols
Keng "Daily Soap" mee eng "Weekly Soap" feiert 1985 Premiere. "Lindenstrasse" leeft vun do un 35 Joer laang op der däitscher Tëlee an huet Millioune Fans. No 1758 Folgen ass Enn Mäerz 2020 Schluss.
1987 ënnerschreiwen de Michail Gorbatschow an de Ronald Reagan de sougenannten INF Kontrakt iwwert de kompletten Ofbau vu nukleare Mëttelstreckerakéiten. En gëllt als onbeschränkt - gëtt awer am Februar 2019 vun der Administratioun Trump gekënnegt. Den Dag drop zéien d'Russe no.
Apropos Osten - d'Staatscheffe vu Russland, Belarus an Ukrain beschléisse 1991 dat offiziellt Enn vun der Sowjetunioun a grënnen d'Gemeinschaft vun den onofhängege Staaten (GUS).
Op der Bourse vun Tokio krit haut viru 19 Joer en Händler den Optrag, fir eng Aktie zum Präis vu 610.000 Yen ze verkafen. Hien tippt awer an, hie géif 610.000 Aktien zum Präis vun 1 Yen kafen. De wuel deiersten Tippfeeler vun der Welt riicht e Schued vu ronn 300 Milliounen Euro un.

© Pixabay
Si huet dem Superman seng Fra gespillt, si war Bond-Girl an och eng Desperate Housewife - di amerikanesch Actrice Teri Hatcher feiert hire 60. Gebuertsdag.
Virun 81 Joer kënnt den James Douglas Morrison op d'Welt. Als exzentresche Frontmann vun The Doors gëtt en weltberüümt - an och Member am faméise "Club 27".
De 99. Gebuertsdag wier et haut fir de Sänger, Dänzer, Acteur, Museker, Mënscherechtler, Member vum "Rat Pack", an, wéi en och genannt gouf, "gréisste liewegen Entertainer", de Sammy Davis Jr.