Chrëschtdag steet virun der Dir an dat ass jo bekanntlech e Fest, wat vill Gefiller ervirhieft: Virfreed, Heemlechkeet, Léift... Filmer iwwer Chrëschtdag ginn et der vill an si hunn all eng ënnerschiddlech Approche zum Thema. Haut kucke mer net nëmmen op d'Klassiker, ma mir geheien och e Bléck op dat wat am Streaming leeft an op dat wat ganz nei erauskënnt, Michèle Schons?

05/12/2024 Nei X-mas Filmer

Do gëtt et ganz nei de Film "Meet me next Christmas", eng romantesch Comédie, déi am festlechen Häerz vun New York spillt an an där d'Christina Milian versicht op en ausverkafte Concert ze komme, fir d'Léift vu sengem Liewen ze fannen.


Dann ass d'Lindsay Lohan zeréck a festleche Faarwen. An der romantescher Comédie "Our little Secret" geroden d'Haaptfiguren an onerwaarten Ëmstänn, wat fir komesch Malentenduen, hëtzeg Fonken an onerwaarten Tournure suergt. Wie Fan vu Vakanzeromanzen, verspillter Chimie an engem Hauch vun Drama ass, deem dierft de Film gefalen.

RTL

© Our little Secret

 

Den norwegesche Kannerfilm "Die Schneeschwester" ass perfekt fir all Generatioun, et ass eng Geschicht vun zwee Kanner, deenen hir Frëndschaft am magesche Kader vun der Chrëschtzäit spillt, an där et u Schnéiwonner net feelt.

RTL

© Die Schneeschwester

An zum Schluss nach "Hot, Frosty", eng animéiert Comédie, quasi eng nei Interpretatioun vun der klassescher Geschicht vum Frosty the snowman, deen zum Liewen erwächt. Dëss Kéier erlieft de Schnéimann eng onerwaarte warm Atmosphär, déi zu lëschtegen Aventure féiert.

RTL

© Hot Frosty