
© Drei Haselnüsse für Aschenbrödel
Chrëschtdagsfilmer ass eist Thema haut. Wann déi eng d'Fest als Grond fir eng turbulent Familljecomédie huelen, weisen aner Filmer mënschlech Grondbesoinen wéi Gebuergenheet a Gemeinschaft. Mir kucken eis elo mol déi al Klassiker un, déi ëmmer nees an dëser Zäit gutt kommen, och wa munch Filmer u sech guer näischt mat Chrëschtdag ze dinn hunn, Michèle Schons?
Wéi zum Beispill: "Drei Haselnüsse für Aschenbrödel" - mat deene wuel schlëmmsten Hitt zanter Ascot. De Kultklassiker vum Cinderellamäerche spillt vläicht am tschechesche Wanter, huet awer näischt mat Chrëschtdag ze dinn an ass trotzdeem feste Bestanddeel am däitschen Tëleesprogramm, esouguer e puermol all Joer. Zanter 2021 gëtt et iwwregens och eng norwegesch nei modern Versioun.
Net feelen duerf an der Sammlung och Love actually, eng Geschicht, déi e puer Méint viru Chrëschtdag zu London spillt. Parallel entwéckelen sech hei zéng verschidde Geschichten iwwert d'Léift, déi sech alleguer um 24. Dezember matenee verbannen.

© Love actually
En anere Klassiker ass den Jim Carrey als Grinch, dee Chrëschtdag haasst. Fir all deenen aneren d'Fest ze versaue, verkleet en sech als Santa, stëft Onrou a klaut iwwerall d'Kaddoen. D'Awunner loossen sech d'Freed net huelen a feieren trotzdeem. Ee Meedchen huet Matleed a wëll dem Grinch hëllefen seng schlecht Erfarunge mat Chrëschtdag ze verschaffen.

© Grinch
An dëser Zäit och gäre gesinn, Filmer wéi Christmas Story, Hüter des Lichts, Klaus, Merry Christmas Mr. Bean, Charlie and the Chocolate Factory, Miracle on the 34th Street an Home Alone, mam klenge Kevin, deen an der Chrëschtvakanz doheem vergiess gëtt an all Hänn voll ze dinn huet, fir e puer Abriecher ze verdreiwen.

© Home Alone