D'Chrëschtzäit ass markéiert vu Kultfilmer wéi "Drei Haselnüsse für Aschenbrödel", "Home Alone", "Der kleine Lord", "Sissi" oder dem "Grinch". Et ginn awer och nach eng Partie aner gutt Filmer, bei deenen een sech esou richteg wuelfillt an déi fir déi gemittlech Zäit elo op deene bekannte Streaming Plattformen ugebuede ginn, Michèle Schons? 

05/12/2024 X-mas Filmer am Stream

Ganz romantesch an ëmmer nees schéin ze kucken "The Holiday" mam Kate Winslet a Cameron Diaz, déi béid schlecht Erfarunge mat Männer gemaach hunn an an der Chrëschtvakanz iwwert eng Internet-Plattform hiert Haus tauschen, fir esou wäit wéi méiglech fort ze sinn. Natierlech fannen se an hirem neie provisoreschen Doheem net nëmmen d'Rou déi se sech wënschen.

Ee vu ville Chrëschtfilmer, déi och dëst Joer bei Netflix optauchen ass déi norwegesch Romcom "Weihnachten mal anders". Hei bréngt d'Thea fir Chrëschtdag eng éischte Kéier hiren indesche Verlobte Jashan mat heem. An der norwegescher Provënz, wou hir Eltere liewe, gi Chrëschtdagstraditioune ganz eescht geholl an esou treffen zwou Kulturen openeen, déi méi ënnerschiddlech net kéinte sinn.

RTL

© Weihnachten mal anders

Eng wonnerschéi computeraniméiert Chrëschtgeschicht gëtt och am "Polar Express" gewisen, wou e klenge Jong an den Zuch fir op den Nordpol klëmmt an op der Faart déi interessantst Rencontere mécht.

RTL

© The Polar Express

"Das perfekte Weihnachtsdinner" ass d'Story ronderëm eng jonk Kächin, déi hir eege Catering Firma opbaut a kuerz viru Chrëschtdag déi gréisste Chance fir hir Karriär kritt: Si duerf de Catering fir eng ganz Besonnesch Chrëschtgala iwwerhuelen an trefft bei de Virbereedungen net nëmmen op déi aflossräich Jean ma och op där hiren attraktiven Neveu Carson.

RTL

© Das perfekte Weihnachtsdinner

An och dem Astrid Lindgren hir Geschichten hunn d'Kanner ëmmer gären. Eng Serie op Amazon Prime weisst wéi d'Kanner aus hire Geschichte Chrëschtdag feieren, dat geet vum Pippi Langstrumpf, iwwer de Michel aus Lönneberga bis zu de Kanner vu Bullerbü. Wann der dono sicht,  "Weihnachten mit Astrid" heescht d'Serie.