
© SRG SSR
Aus engem Casting hei an der RTL City goufe vun engem internationale Jury 7 Finalisten zréckbehalen, déi de 25. Januar am "Luxembourg Song Contest" untrieden. De Gewënner wäert eist Land um "Eurovision Song Contest" vertrieden. Wéi wielen eis Nopeschlänner eigentlech hir Kandidaten aus?
Aus engem Casting hei an der RTL City goufe vun engem internationale Jury 7 Finalisten zréckbehalen, déi de 25. Januar am "Luxembourg Song Contest" untrieden. De Gewënner do wäert eist Land zu Basel um "Eurovision Song Contest" vertrieden.
Wéi wielen eis Nopeschlänner eigentlech hir Kandidaten aus? A Frankräich hu se zum Beispill en anere Modus wéi mir. Den Head of Delegation Eric Lehmann erkläert:
E.L.: A Frankräich ass et dëst Joer esou, dass eng intern Virentscheedung stattfënnt, dat heescht France 2, déi d'Eurovision ausstraalt, sicht sech e Kandidat/eng Kandidatin eraus mat engem Song, deen dann am Mee zu Basel wäert untrieden.
Enn Dezember, Ufank Januar soll den Artist bekannt gemaach ginn. Ee Moment war d'Louane am Gespréich - d'Sängerin huet dat Gerücht awer entretemps dementéiert.
An Däitschland ass dat Ganzt zur "Chefsache" erkläert ginn, mat engem ale Bekannten am Geschäft.
E.L.: An Däitschland ass et eng Zesummenaarbecht tëscht dem NDR an RTL zu Köln, an do ass de Stefan Raab zeréck. Hien hat jo deemools och d'Lena erausgesicht - dat war nach bei Pro7, dëst Joer ass et bei RTL. A mir freeën eis op di däitsch Finall, déi den 1. Mäerz wäert stattfannen.
Och bei eise belsche Noperen hu se sech fir di demokratesch Variant entschloss.
E.L.: Do ass et esou, dass sech di franséisch RTBF, also d'Wallounen, an d'Flamen, also WRT, di Aufgab deelen. Dëst Joer sinn d'Flamen drun an déi organiséieren den 1. Februar di belsch Virentscheedung - genannt "Eurosong", mat 8 Finalisten.
Deenen hir Nimm sinn zwar scho bekannt, awer nach net hir Lidder.
Wéi wäit sinn eigentlech aner Länner an hirem jeeweilegen Dossier ESC?
E.L.: Wat mir bis ewell wëssen, ass dass Zypern de Kandidat erausgesicht huet, mee d'Lidd gëtt awer réischt am Mäerz bekannt. An dann hu mir lo d'nächst Woch beispillsweis a Montenegro di alleréischt national Virentscheedung, an iwwer Chrëschtdag leeft di bekannten albanesch Finall, déi et schonn zanter 60 Joer gëtt. Mir Lëtzebuerger sinn dann di Drëtt mat eisem nationale Virentscheed.
De Moment kënne mir Iech also nach keng ESC-25-Musek virstellen, well nach keng bekannt ass. Mä dat wäert sech awer no a no änneren.
E.L.: Bis spéitstens den 11. Mäerz mussen all d'Lidder bei der europäescher Broadcasting Union EBU agereecht sinn, a bis dohi muss dann och all Lidd bekannt a public gemaach sinn. Op hirer offizieller Säit
fannt Dir sämtlech Informatiounen zu alle nationale Virentscheedungen.
Alles iwwert eise "Luxembourg Song Contest" steet op