... 19 Joer fiert zu London dee leschte rouden Doppeldeckerbus. Op der Linn 159 geet di bal 50 Joer laang Ära vun de legendäre "Routemaster"-Gefierer op en Enn. Se ginn duerch méi modern Busser ersat.

09/12/2024 Haut virun...

1890 leet den Adolf, Herzog vun Nassau, an der Chamber säin Eed of op di Lëtzebuerger Verfassung a gëtt domat, als éischten aus der Dynastie Lëtzebuerg-Nassau, ënnert dem Numm Adolphe Groussherzog vu Lëtzebuerg.

6 Joer méi spéit decidéiert d'Chamber mat grousser Majoritéit, d'Lëtzebuerger Sprooch net an der Chamber zouzeloossen. Réischt 88 Joer méi spéit gëtt d'Lëtzebuergescht per Gesetz zur "Nationalsprooch" a nieft dem Franséischen an dem Houdäitschen zu enger vun den dräi administrative Sproochen zu Lëtzebuerg deklaréiert.

RTL

© Pixabay

1905 trëtt a Frankräich d'Gesetz zur Trennung vu Kierch a Staat a Kraaft, an etabléiert dee bis haut gültege Prinzip vum Laizismus. Doduerch verschlechtert sech d'Relatioun tëscht Kierch a Staat fir Joren.

RTL

© Pixabay

Am Summer an den USA ugelaf, ass et 1982 di europäesch Premiere fir den "E.T.". Dem Steven Spielberg säin Ausserierdeschen gëtt mat 4 Oscaren ausgezeechent an ass wärend 11 Joer den erfollegräichste Film op der Welt.

90 Joer al gëtt d'Judi Dench. Di brittesch Filmactrice, Theaterschauspillerin an Oscargewënnerin ass weltbekannt ginn an der Roll vum James Bond senger Cheffin "M".

70. Gebuertsdag fir de Jean-Claude Juncker - fréiere Premierminister a President vun der Europäescher Kommissioun. 52 Joer al gëtt den aktuellen Inneminister Léon Gloden.

60 Joer krit den däitschen Acteur, Auteur, Moderator a Komiker Hans-Peter, genannt Hape, Kerkeling. Seng Konschtfigur Horst Schlämmer ass geneesou legendär wéi seng Staatsvisitt beim däitsche President verkleet als Kinnigin Beatrix vun Holland.

An haut viru 5 Joer verléisst eis d'Roxette-Sängerin Marie Fredriksson.