... 128 Joer stierft de schweedeschen Erfinder an Industriellen Alfred Nobel. Genee 5 Joer méi spéit ginn di éischte Nobelpräisser verginn. Ënnert den éischte Laureate sinn de Physiker Conrad Röntgen an de Grënner vum Roude Kräiz Henri Dunant.

10/12/2024 Haut virun...

1799 decidéiert Frankräich als éischt Land, de metresche System anzeféieren. De sougenannten "Urmeter" oder "Archivmeter" ass eng Plack aus Platiniridium an ass festgeluecht als 10milliounsten Deel vum Véierel vun deem Äerdëmfank, dee Paräis an de Nordpol beréiert. D'Bezeechnung "Meter" geet op de franséische Mathematiker Jean-Charles de Borda zréck.

Virum Nobelpräis ass och d'rout Luucht scho längst erfonnt. 1868 gëtt di éischt opgeriicht virum House of Parliament zu London. Ugangs gëtt se mat Gas bedriwwen an explodéiert dowéinst scho kuerz dono.

RTL

© Pixabay

Bleiwe mir an der brittescher Haaptstad - 1936 verzicht den Edward VIII. op den Troun wéinst senger Bezéiung zur biergerlecher a schonn 2x gescheeter Amerikanerin Wallis Simpson. Neie Kinnek gëtt säi Brudder George VI.

1948 hëlt d'UNO di Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter un. Dowéinst ass haut den Internationalen Dag vun de Mënscherechter.

RTL

© Pixabay

2002 decidéiert den Europäesche Geriichtshaff hei um Kierchbierg, dass Bezeechnunge wéi "Light" oder "Mild" op Zigarettepäck verbuede ginn. D'Tabakindustrie ersetzt se mat faarflechen Differenzéierungsmethoden.

RTL

© Pixabay

2017 gëtt de neie Stater Tram a Betrib geholl. D'Tramslinn T1 fiert um éischten Deelstéck tëscht der LuxExpo an der Rouder Bréck. Vun deem Dag un sinn och de Funiculaire an d'Gare am Pafendall operationell.

RTL

© rtl.lu

52 Joer al gëtt de Brian Molko - Frontmann vun der englescher Band Placebo, deen zäitweis hei zu Lëtzebuerg gelieft huet an an d'Schoul gaangen ass.

28. Gebuertsdag fir den zweefachen Tour de France Gewënner Jonas Vingegaard.