
© Pixabay
1931 gëtt mam Statut vu Westminster de "Commonwealth of Nations" gegrënnt. Dat Vereenegt Kinnekräich a fréier Kolonië ginn eng fräiwëlleg Vereenegung vun onofhängege Staaten an, déi haut als Nofollger vum British Empire ka gesi ginn.
1972 landen di amerikanesch Apollo-17-Astronauten Eugene Cernan an Harrison Schmitt um Mound. Bis haut si si di lescht Mënschen, déi do uewe waren.
1981 ass et dem Muhammad Ali säi leschte Boxmatch. Am "Drama in Bahama" zu Nassau verléiert en no Punkte géint den Trevor Berbick. De Match fënnt op de Bahamas statt, well keen US-Bundesstaat dem 39 Joer alen Ali nach eng Lizenz wëllt ausstellen. Et wëllt och keng Tëleeschaîne méi iwwerdroen, an d'Sportshal ass bei Wäitem net ausverkaaft.
1988 gëtt mam Astra 1A den éischte Satellit vun der SES vu Kouru an der Guyane mat enger Ariane-Rakéit op Orbit geschéckt. SES steet ursprénglech fir "Société Européenne des Satellites".

© Pixabay
1997 gëtt a Japan de Kyoto-Protokoll ënnerschriwwen. Dora festgehale si verbindlech Ziler bis 2012 fir d'Verréngere vum weltwäiten Dréifhausgasenausstouss. 191 Länner ënnerschreiwen - Klimaschützer geet de Protokoll net wäit genuch.
Den Jermaine Jackson gëtt haut 70 Joer al. No Michael an Janet ass hien den drëtterfollegräichste Kënschtler aus dem Haus Jackson.
Haut viru 60 Joer stierft de Sam Cooke.
57 Joer al gëtt den DJ Hausmarke - de Michael Beck vun de Fantastischen Vier.