... 45 Joer decidéiert d'NATO hiren Duebelbeschloss. Domat ginn engersäits dem Warschauer Pakt Verhandlungen ugebueden, gläichzäiteg awer och nei US-Rakéiten an Europa an Aussiicht gestallt. Jorelaang Protester sinn d'Suite vun där Decisioun.

12/12/2024 Haut virun...

1582 gëtt et a Frankräich keen 12. Dezember. Well se um Sonndeg 9. Dezember de gregorianesche Kalenner agefouert hunn, geet et den Dag drop weider mam Méindeg 20. Dezember. Di Deeg tëscht dem 10. an dem 19. Dezember gëtt et 1582 einfach net.

RTL

© Pixabay

Den italieenesche Radiopionéier Guglielmo Marconi schéckt 1901 fir d'éischt Kéier e Morsezeechen iwwer den Atlantik. Him geléngt eng Transmissioun vum Buschtaf "S" (3 kuerz Zeechen) iwwer 3600km vu Cornwall a Neifundland.

1968 ginn eng leschte Kéier Feierzeeche gemaach - op d'mannst mol an engem Winnetou-Film. "Im Tal der Toten" ass di lescht Verfilmung vun engem Karl-May-Roman mat Pierre Brice a Lex Barker. Viru 56 Joer huet de Film Premiere zu München.

1993 sinn et di éischt fräi Walen a Russland. Di meeschte Stëmme kréien d'Liberal-Demokratesch Partei an d'Kommunistesch Partei. Gläichzäiteg gëtt déi vum Boris Jelzin proposéierte nei Verfassung an engem Referendum vum russesche Vollek acceptéiert.

RTL

© Pixabay

2015 geet d'COP 21 op en Enn. Dat Ofkommes vu Paräis ass d'Suite vum Kyoto-Protokoll, an deem sech di 195 Memberstaate vun de Vereente Natioune verflichten, dass d'Äerd sech ëm manner wéi 2°C erwierme soll. Dozou solle bis Mëtt vum Joerhonnert di global Nettodreifhausgasenemissiounen op Null reduzéiert ginn.

62 Joer al gëtt den däitsche Museker Max Raabe. Hien ass de Matbegrënner a Leeder vum Berliner Palast Orchester.

A 1915 kënnt zu New Jersey de Francis Albert Sinatra op d'Welt.