
© Raphaël Betti / BAC
De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt! Haut: Glühbéier.
Glühwäin war virgëschter a Glühgin war gëschter: Haut ass de Glühbéier voll am Trend. Et kléngt e bësse komesch, mee et schmaacht richteg gutt. Am beschte funktionéiert dat waarmt Gedrénks mat engem méi sauere Béier. Alternativ kann een zum Beispill Stout huelen.
Glühbéier
2 Liter sauere Béier (oder zum Beispill Stout)
Jee no Goût:
Kanéil
Muskatnoss
Neelcheskäpp
Gedréchent Orangen
Kardamom
Geriwwenen Ingwer
Alleguer d'Ingredienten an engem Dëppe vermëschen an 10 Minutten op klenger Flam mijotéiere loossen.
Filteren a mat Hunneg oder Zocker séissen.
An enger Taass zerwéieren a mat enger Scheif Orange garnéieren.

© Raphaël Betti / BAC