
© Raphaël Betti / BAC
De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt!
Allgemeng gëtt et een Trend zu "Low Alc" Cocktails, also engem Cocktail mat manner Alkohol. Dat ass zum Beispill fir déi Leit déi hire Konsum e bëssen zeréckschrauwe wëllen, an awer net komplett op de Geschmacksträger Alkohol a seng Komplexitéit wëlle verzichten. Am Low proof Negroni gëtt den Gin duerch Sherry ersat.
Low proof Negroni
5 cl dréchene Sherry
3 cl séisse Vermut
2 cl Campari
Alleguer d'Ingredienten 15 Sekonne laang mat Äis an engem Glas vermëschen.
Entweder an engem Rocks Glas iwwer Äis oder an engem Cocktail Glas ouni Äis zerwéieren.
Mat enger Orangëschuel garnéieren.

© Raphaël Betti / BAC