
© Raphaël Betti / BAC
De Raphaël Betti huet mam BAC seng eege Cocktailbar am Pafendall. Pünktlech fir déi kal Joreszäit verréit de Bartender eis seng beschte Wantercocktails, déi dir ganz einfach doheem nomaache kënnt! Haut: den alkoholfräien Tea & Tonic.
Kaffi & Tonic ass ee Gedrénks wat ee mëttlerweil schonn e puer Mol gesinn huet - fir de Wanter passt d'Mëschung vun Téi an Tonic awer besser. De Raphaël benotzt dofir säi Liblingstéi, den Earl Grey. Dat ass e schwaarzen Téi dee mat Bergamotte aromatiséiert ass.
Tea & Tonic
3 cl Earl Grey Sirup
2 cl Zitrounejus
1 Fläsch Tonic
De Sirup an den Highball Glas schëdden a mat Crushed Ice opfëllen.
Tonic dropginn a kuerz verréieren. Mat enger Zitrouneschuel garnéieren.
Fir den Earl Grey Sirup:
200 ml waarmt Waasser
100 gr wäissen Zocker
2 Téi-Säckelcher
Alleguer d'Ingredienten vermëschen an esoulaang réieren bis den Zocker sech opgeléist huet.
15 bis 20 Minutten zéie loossen, Téi eraushuelen an ofkille loossen.

© Raphaël Betti / BAC