Lëtzebuerg ass als Rees-Destinatioun ëmmer immens beléift. Am Tourismus-Joer 2024 kéint een esouguer nei Rekord-Zuelen erreechen. Dat seet de Sebastian Reddeker, CEO vu Luxembourg for Tourism. Am Kader vun der Assemblée Générale vun der "European Travel Commission" huet hien en éischte Bilan vun dësem Joer gezunn.

04/12/2024 Éischte Bilan vum Lëtzebuerger Tourismus-Joer

Erhuelung, Wanderen an natierlech de City-Trip an d’Stad sinn nach ëmmer d’Haapt-Motivatioune fir op Lëtzebuerg ze reesen. Bal d’Hallschent vun den Touriste ginn och un, dass si net nëmmen an der Stad bleiwen, mee eng Rondrees duerch eist Land maachen. Dat freet de Sebastian Reddeker besonnesch: "Hei kënne ganz liicht Destinatioune matenee verknäppt ginn: D’Stad, Wanderen oder zum Beispill och d’Musel fir de gastronomesche Wäin-Volet. Do hu mir schonn en Atout."

Gutt d’Hallschent vun den Touriste kënnt mam Auto op Lëtzebuerg, 17% mam Fliger. Dass den Zuch europawäit ëmmer méi beléift gëtt, géif een och hei zu Lëtzebuerg mierken. An deem leschte Joer sinn 22% mat der Bunn ugereest, 2018 waren et am Verglach just 10%.

Wann een ëmweltschounend reese wëll, wier awer net eleng d’Transportmëttel entscheedend. Mam gratis ëffentlechen Transport hätt Lëtzebuerg natierlech e grousse Virdeel, mee spillen och engem säi Verhalen op Reesen an de Choix vun der Destinatioun mat eran. Bei Visit Luxembourg wëll ee Lëtzebuerg dofir esou attraktiv duerstellen, dass d’Touriste méi laang bleiwen.

Sebastian Reddeker: "..dass si also net just fir eng oder zwou Nuechte kommen, mee effektiv fir méi Nuechten. Dass si méi vun der Destinatioun gewuer ginn, finalement och méi Suen hei loossen an doduerch eng méi grouss ekonomesch Valeur hunn. Dat dréit och zu enger nohalteger Entwécklung bäi."

Ganz vill Leit sammelen hir Rees-Inspiratiounen op Social Media. D’sozial Medie wieren en onheemleche Facteur an der Tourismus-Branche ginn, seet de Sebastian Reddeker. Dofir geet de Budget d’nächst Joer och nach eng Kéier an d’Luucht. Visit Luxembourg huet op Facebook an Instagram mëttlerweil knapps 200.000 Follower. Dat soll weider ausgebaut ginn, och mat deene richtegen Partnerschaften.

Sebastian Reddeker: "Natierlech geet et och drëms net just an den eegene Kanäl eng gewëss Presenz ze hunn. Mee et geet och drëms, mat deenen ze kollaboréieren déi déi selwecht Valeure vertrieden, an déi och Promo maachen par Rapport zu hirer Clientèle. Do ass et eis Responsabilitéit fir déi richteg Leit auszewielen."

Och wann aktuell nëmmen d’Zuele bis September virleien, kéint ee soen, dass d’Tourismus-Joer 2024 hei zu Lëtzebuerg richteg gutt gelaf ass. Par Rapport zu leschtem Joer gouf et zwar e liichte Minus bei den Nuitéeën, dofir awer e Plus bei den Arrivéeën.

Sebastian Reddeker: "Mir ginn am Moment dovun aus, dass den Tourismus insgesamt 2024 eng nei Rekord-Zuel wäert erreechen. Domat gëtt et net just eng Recovery vun der Pandemie, mee och e bësse méi."