
''Brainwashed'' heescht den Documentaire vum Nina Menkes den Dënschden 3. Dezember am Ariston. Déi amerikanesch Realisatrice huet eng 175 Filmer ënnert d'Lupp geholl a stellt d'Bild vun der Fra do a Fro, d'Andreja Wirtz vum Service Egalité des chances vun Esch erkläert.
Am Film ''Brainwashed'' geet et virun allem ëm de Bléck op d'Fraen am Kino oder am Film, am Allgemengen. Dee Bléck op d'Fraen ass a sech éischter maskulin gepräägt. Dat huet natierlech och Auswierkungen op d'Aart a Weis, wéi mer d'Fraen och an eisem Alldag gesinn.
Am Engleschen nennt een dat ''Male Gaze'' an de Bléck op d'Gewalt an och sexuell Bezéiungen a Filmer a soss an der Popkultur ass ebe Männergepräägt an do komme Fraen dacks schlecht ewech.
Den Dokumentarfilm ''Brainwashed'' freet wéi een den Narrativ an de Filmer kéint anescht gestalten.
Also zum Beispill geet d'Nina Menkes dorop an, datt Fraekierper oft fracturéiert gewise ginn, also datt ee just ee Stéck gesäit. An dann natierlech och nach eng Kéier an den Interaktioune mat de Männer, do gesäit een zum Beispill an de Filmer oft, dass d'Fra am Ufank vläicht seet: Nee, ech wëll keng sexuell Interaktioun. A wann de Mann sech nëmme genuch drun hält a se quasi stalkt, da kënnt dann eraus, datt se eigentlech dat jo awer trotzdeem wollt. Also en Nee gëtt dann och net als Nee geholl. An dat präägt natierlech och eis Gedankewelt. Mir sinn där Popkultur natierlech och ausgesat am Dagdeeglechen.
No der Projektioun vum Film gëtt et dann och en Debat.
D'Realisatrice ass online dobäi. Si ass vun LA, dowéinst leider net perséinlech, wat natierlech nach méi flott wär, mä si sinn awer scho ganz frou, datt se online dobäi ass. Well et ass wierklech eng ganz interessant Persoun, déi vill ze soen huet, déi och net fäert fir do e bësse géint de Stroum ze goen.
Mat an der Diskussioun sinn och d'Chercheuse op der Uni.lu Madelaine Wood an d'Directrice vum CID Fraen a Gender Isabelle Schmoetten. Ëm 18 Auer geet d'Soirée un, virun der Projektioun ass nach en Apéritf/Catering organiséiert.
Mellt Iech e wann Dir wëllt mat derbäi si bei ''Brainwashed'', an dat dat geet per mail.

Mardi 03 décembre 20024 19:00
Ariston: Ciné-débat: Brainwashed
Le documentaire “Brainwashed” interroge l’impact des images sur notre conception des genres et notamment le regard masculin sur les femmes. La réalisatrice Nina Menkes décortique plus de 175 films pour analyser le sexisme systémique dans la narration cinématographique. “Brainwashed ” déconstruit le mythe hollywoodien et met en lumière comment le langage visuel peut favoriser les discriminations et les violences sexuelles.
La projection sera suivie d’une discussion (en anglais) en présence de la réalisatrice, Nina Menkes (en ligne), Madelaine Wood, doctorante à l’Université du Luxembourg, détentrice d’un master en communication interculturelle et d’un bachelor en production cinématogrpahique, et Isabelle Schmoetten, chargée de direction du Centre d’Information et de Documentation Fraen an Gender. Modération: Isabel Spigarelli
Une traduction orale directe de l’anglais vers le français est disponible sur demande.
Un apéritif avec catering sera proposé avant la projection, dès 18h00.
Avertissement: nudité et représentation de violences sexuelles.
Entrée libre. Places limitées.
Inscriptions: egalitedeschances@villeesch.lu