
© pixabay.com
Hierscht- a Wanterzäit ass Erkältungszäit an do bleift scho mol en decke Schnapp net aus. Och wann dëse meeschtens nees esou geet wéi e komm ass, gëllt et sou gutt wéi méiglech doduerch ze kommen. An do kënnt dann, ënnert anerem och alt gäre mol den Nuesspray zum Asaz.
Dee soll dofir suergen, dass d'Nues nees opgeet an ee besser Loft kritt. Ma fir ze wësse wéi sou e Spray iwwerhaapt wierkt, sollt ee mol verstoe wéi mir duerch d'Nues ootmen. Dokter Marc Sevenig, ORL:
"Spontan menge mer jo, dass mer no uewen, vertikal, duerch d'Nues otme mee d' Nuesootmung geet eigentlech horizontal hannen an ënnen duerch d'Nues. An do spillt déi ënnescht Nuesmuschel eng bedeitend Roll. Nuesmuschele si jo do fir d'Loft ze filteren, fir se ze wiermen éier se an d'Longe kënnt a wann déi Nuesmuschel uschwëllt, da geet eis Nues zou."
An dann hu mir de Misär wéi een op gutt Lëtzebuergesch seet. Éier een awer direkt mat Kanounen op d'Spatze schéisst, sollt ee mol domadder ufänke seng Nues mat enger Salzléisung ze behandelen. Dat kënne Spraye sinn oder och sou Nuesduschen. Allgemeng huet een de Choix tëscht 2 verschiddene Salzléisungen:
"Déi isotonesch, dat sinn 9gr/Liter Waasser oder déi hypertonesch mat 21 Grad/Liter Waasser, déi sinn natierlech e bësse méi effikass an déi kann een och sou vill gebrauche wéi ee wëllt."
Wann een dat bis gemaach huet an een trotzdeem nach net besser Loft kritt, wat grad Owes wann ee schlofe wëll extrem nerveg ka sinn, da kann een eventuell op en Nuesspray mat zum Beispill Xylometazolin zréckgräifen deen hëlleft d'Nuesmuschel ofzeschwëllen. Allerdéngs sollt een deen net méi laang wéi eng Woch benotzen:
"Soss kéint ee mol Problemer kréien, dass d'Schläimhaut ausdréchent an et kann een och mol en "Effet rebond" hunn, dat heescht, dass een de Géigendeel am Fong domadder bewierkt, dass d'Nues nach méi zou geet duerch d'Drëpsen."
Dofir an och aus weidere Grënn sollt ee mat dësen Drëpse spuersam ëmgoen:
"Do kann ee mol Problemer dovunner kréie well déi hunn eng vaso-aktiv Wierkung op déi kleng Venen an den Nuesmuschelen déi sech dann zesummenzéien. Déi Drëpse schwëllen d'Muschel of an dee Moment kréie mer da Loft. Déi Drëpse ginn och an d'Blutt iwwer a kënnen esou och systemesch Problemer maache wann ee se ze vill laang an ze vill oft hëlt."
Wann een dann dee richtegen Nuesspray huet, da soll een awer och nach wësse wéi een e richteg benotzt.
"Et soll een de Spray net no bannen op d'Nasenscheidewand sprutzen. Dat heescht et soll een eigentlech déi riets Hand huele fir déi lénks Säit an déi lénks Hand fir déi riets Säit. Dee Moment kënnt de Produit op d'Nuesmuschel wou en och säin Effet mécht."
Ofgesinn dovunner riskéiert een am anere Fall och alt mol kleng Bluddungen an der Nues ze kréien, grad wa Kortison am Spray ass. Donieft kënnen awer och nach aner Niewewierkungen optrieden.
"Wat elo de Xylometazolin ugeet, do kënnen och mol Häerzproblemer kommen, héije Bluttdrock entstoe well déi Drëpse gi vum Kierper opgeholl, déi ginn deemno an d'Blutt iwwer. Et soll een och oppasse bei de schwangere Frae well do kënnen och mol Problemer wärend der Schwangerschaft entstoen."
A virum Nuesspray ëmmer drun denken d'Nues gutt ze botzen a mat enger Salzléisung propper ze maachen. A sollt et trotz Spray a Co net besser gi mat der verstoppter Nues, da ginn et och nach aner Behandlungsméiglechkeeten. Et sief awer gesot, dass dës natierlech net bei engem Erkältungsvirus zum Asaz kommen.
"Dat ass d'Radiofrequenz-Behandlung, do gëtt d'Nuesmuschel vu banne verödet an dat ass e ganz klengen Agrëff mat lokal Anästhesie an deen ass extrem effikass."
An eis Klengst sollte mir iwwregens just mat enger Salzléisung behandelen. Ab 2 oder 3 Joer kann et dann och mol en Nuesspray sinn deen een Owes benotzt fir dass d'Kand schlofe kann.