D’nächst Joer nach e puer Deeg Congé iwwereg a Loscht op Live-Musek ? Hei den Iwwerbléck vun deene gréissten europäesche Festivals 2025 !

10/12/2024 Ausbléck Concerten 2025: Billie Eilish, Oasis & Apache 207

“Hit Me Hard and Soft” vum Billie Eilish ass sécherlech ee vun de Contender fir den Album vum Joer. D’Kënschtlerin gouf elo just als Apple Music Artist of the Year ausgezeechent an ass och siwe Mol fir e Grammy nominéiert. Vun Abrëll un ass d’Billie Eilish mat senger Tournée bei eis an Europa ënnerwee, ënnert anerem zu Amsterdam, Köln oder Paräis. Alleguer d’Concerte si komplett ausverkaaft, vläicht hutt dir Chance op de Waardelëschten.

No e puer Statiounen an Asien, geet dem Ed Sheeran seng "Mathematics Tour" Enn Mee och hei an Europa weider. Aktuell sinn zum Beispill nach Tickete fir d’Concerten zu Stuttgart, Düsseldorf oder Antwerpen ze kréien.

Et war eng vun den Nouvellen aus der Musekswelt vun dësem Joer: Oasis sinn zeréck! Déi zwee Gallagher-Bridder hu Fridde geschloss a spillen d’nächst Joer eng Tournée queesch duerch d’Welt. Den Undrang war esou grouss, dass alleguer d’Concerte leider direkt komplett ausverkaaft waren.

Och de Superstar Robbie Williams ass d’nächst Joer erëm op Tournée ënnerwee. Am Juni zu Amsterdam oder zu Gelsenkirchen, am Juli zu München oder am August zu Frankfurt. Ticketen op robbiewilliams.com.

Den Apache 207 feiert aktuell mat "Miami" säin nächste groussen Erfolleg hei um Radio. Am November 2025 start den däitsche Rapper seng Arena-Tournée queesch duerch Däitschland, Éisträich an d’Schwäiz. Et bleiwen e puer lescht Tickete fir d’Concerten zu Oberhausen, Köln, Berlin oder Stuttgart.

Als Support-Act vum Taylor Swift ass hatt fir déi éischte Kéier grouss erauskomm, mëttlerweil fëllt d’Gracie Abrams scho selwer grouss Halen. Mat viralen Tracks ewéi "Us", "I Love You, I’m Sorry" oder aktuell “That’s So True” huet d’Kënschtlerin d’TikTok-Community komplett am Grëff. Mat senger "The Secret of Us"-Tournée kënnt d’Abrams zum Beispill op Amsterdam, Düsseldorf, Paräis oder Bréissel. Och hei musst dir iech op d’Waardelëschten androen.

Mam Cyndi Lauper seet d’nächst Joer eng Ikon aus der Musekswelt der Bün Äddi. Net awer, ouni eng leschte Kéier zesumme mat de Fans ze feieren. Mat senger "Girls Just Wanna Have Fun – Farewell Tour" kënnt d’Musekerin ënnert anerem op Düsseldorf oder Paräis.

An der lescht hunn d’Gebridder Kaulitz éischter mat hirem Podcast "Kaulitz Hills" op sech opmierksam gemaach, d’nächst Joer kommen si awer mat hirer Musek zeréck op déi grouss Bün. Tokio Hotel spillen am Mäerz 2025 eng Europa-Tournée mat Stopps zu Frankfurt, Köln, Bréissel oder Paräis. E puer lescht Tickete sinn nach do.

Och de Lenny Kravitz ass defintiv eng Legend aus der Museksbranche. Hien denkt awer nach laang net un d’Ophalen. Réicht dëst Joer huet hie säin neien Album "Blue Electric Light" erausbruecht, mat drop ass ënnert anerem d’Single "Honey". Op senger Tournée mécht de Lenny Kravitz ënnert anerem Statioun zu Amnéville, Düsseldorf, Mannheim oder Antwerpen.