Op Disney+ kann een aktuell d’Doku “The Contestant” kucken. De Film weist, wéi iwwerflächlech a grausam d’Ufäng vu Reality TV an den 90er waren. Et geet ëm ee japanesche Comedian, dee 15 Méint laang plakeg an enger Wunneng gefilmt gouf an net wousst, dass him all Woch Millioune Mënschen nokucken.

01/12/2024 "The Contestant" op Disney+

1998 ass a Japan “Susunu! Denpa Shōnen” ugelaf, dat heescht iwwersat esouvill wéi “Oppassen! Verréckt Jugend”. De jonke Comedian Tomoaki Hamatsu, genannt Nasubi – dat japanescht Wuert fir “Aubergine” - huet an där Show seng grouss Chance gesinn fir berüümt ze ginn. 15 Méint laang gouf hie ganz eleng an e Raum ouni Fënstere gespaart – komplett plakeg, just mat enger Honger-Ratioun Cracker, engem Stapel Magazinner an natierlech enger Kamera. D’Zil vu “Susunu! Denpa Shōnen”: Den Nasubi muss bei de Gewënnspiller an deene Magazinner matmaachen. Esoubal hie Präisser am Wäert vun enger Millioun Yen gewonnen huet, däerf hien eraus. 

Dat perfid: Dem Tomoaki war wuel bewosst, dass hie gefilmt gëtt. Allerdéngs war hien der Iwwerzeegung, dass d’Show opgeholl a réischt zu engem spéideren Zäitpunkt diffuséiert géif ginn. Dass hie wärenddeems um japanesche Fernsee gelaf ass a wéchentlech iwwer 30 Millioune Mënschen nogekuckt hunn, wousst hien net. Ouni seng Zoustëmmung gouf den Nasubi zu engem vun deene bekanntste japaneschen TV-Personnagen iwwerhaapt. Well hie jo déi ganzen Zäit plakeg war, gouf säin Intimberäich bei der Diffusioun iwweregens mat enger animéierter Aubergine verdeckt. Do huet dee Phenomeen wuel säin Ursprong.

"The Contestant" weist Original-Clips aus “Susunu! Denpa Shōnen”. Och wann dem Tomoaki am Fong seng allerlescht Würd geholl gëtt an hien ëmmer méi de Bezuch zur Realitéit verléiert, mécht hie fir d’Kamera eng Show. Et gesäit een zum Beispill wéi hien Turnübunge mécht, Hondsfudder ësst oder sech komplett verzweifelt iwwert e Kalzong freet. Och kritt een an der Doku en Abléck am Nasubi säin Tagebuch, dat hie wärend deene 15 Méint gefouert huet. Dora schreift hien zum Beispill, dass et net ondenkbar wier, dass hie stierwe géif. An deem Zëmmer wier déi eenzeg Optioun Suizid gewiescht, mee hien hätt entschloss, bis zum Schluss duerchzehalen.

D’Regisseurin Clair Titley huet och an hirer Doku och de Produzent Tosio Tsuchiya mat dran. Dee seet: "Wier japanesche Fernsee eng Famill, wär ‘Susunu! Denpa Shōnen’ dat béist Kand."