Kazen sinn eppes Unhängleches, a sinn ganz dacks gären bei hirem Meeschter. Dat ass meeschtens schéin, kann awer och emol fatal fir d'Déier ginn, wann een net oppassen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall aus der Praxis derbäi, deen engem eng Léier soll sinn.

Wéi d´Lizy an d´Urgence bruecht gouf, war et scho ganz dee an ausgedréchent. Déi jonk gro Tigerkaz war schonn de ganzen Dag esou komesch dorëmmer getierkelt, wéi wa se eppes op de Kapp kritt hätt. Wéinst der Saison, senge Symptomer an och de Resultater vu Blutt- a Waasseranalysen hate mir ee Verdacht, deen dem Lizi seng Leit du confirméiert hunn: hatt hat virun e puer Deeg an der Garage „gehollef“ den Auto wanterfest ze maachen. Well et deemnächst nees fréiere soll, ass alt och e bëssen Defreezer an den Tank fir d´Fënsterbotzanlag geschott ginn. Dës Kéier goung dobäi leider e bëssen derlaanscht.

Romi Roth - Oppassen an der Garage - Diagnos

An dorunner huet déi jonk Muss du misse schlabbere goen. D´Lizy hat net direkt um Pull selwer geleckt. Eis Patientin hat sech warscheinlech d´Patten ofgeleckt, nodeems se duerch d´Nätzt gelaf war a sech op déi Manéier vergëft. 

An den Defreezeren ass nämlech meeschtens Glykol dran. A well dee séiss schmaacht, sinn esouguer Kazen, déi et am Fong soss net mat Séissegkeeten hunn, fatal drun interesséiert. Déi Ofbauproduiten vum Glykol, déi an der Liewer fabrizéiert ginn, maachen d´Niere futti. Wann en Déier direkt nodeems et Defreezer opgeholl huet, an d´Úrgence bruecht gëtt, gëtt dowéinst de Glykol mat Briechmëttelen aus dem Verdauungstrakt evakuéiert. Bis 5 Stonne méi spéit kann mat Alkohol als Antidot geschafft ginn. Beim Lizy war et ze leider ze spéit: obwuel hatt och nach mat Whisky an e sëllege Baxteren behandelt gouf, wollte seng Nieren net méi schaffen an et huet missen erléist ginn.

Romi Roth - Oppassen an der Garage - Hëllef