Glüwäi wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

28/11/2024 Mister Science

Et ass nees esou wäit. D'Chrëschtmäert maachen hir Dieren op. Et richt no Anäis, Kanéil an Neelcheskäpp. Et gëtt leckere Glüwäin, mat deem ee glat d'Keelt vergësst. Mee stëmmt et eigentlech, datt ee vu Glüwäi méi séier voll gëtt ewéi vun normalem Wäin, Mister Science?

Et gëtt menges Wëssens keng wëssenschaftlech Studien, déi dat am direkte Verglach ënnersicht hunn. Mee Experten no stëmmt dat a se hunn och Hypotheesen, firwat dat esou ass. Et läit net onbedéngt dorun, datt Glüwäi vläicht méi „Ëmdréiungen“ hätt. Well vum rengen Alkoholgehalt hier läit dee waarmen, séisse Wäin – esouwäit kee „Shot“ drënnergemëscht gouf – net iwwer sengem kale Cousin, mee heiansdo esouguer drënner.Et wieren ënner anerem déi zwee Adjektiver „waarm“ a „séiss“, déi den Ënnerscheed maachen.

Okay. Da fänke mer emol mat „waarm“ un. Wat mécht dann déi Wäermt mam Wäin an eisem Kierper?

Egal ob mir eis e kille Riesling oder e waarme Glüwäin eranzéien – béid fanne bannent e puer Sekonnen hire Wee an de Mo. Vun do aus geet et da weider an den Dënndaarm. Do gëtt dee gréissten Deel vum Alkohol, dee mir drénken, resorbéiert. Dat heescht, vun do aus geréit en an d'Blutt a schéisst eis an de Kapp. Et ass och esou, datt den Dënndaarm relativ empfindlech op kal Saache reagéiert. De Riesling bleift also méi laang am Mo, bis en déi richteg Temperatur huet. De Glüwäin dogéint, esou gëtt argumentéiert, kënnt scho schéi waarm do un an duerf direkt passéieren. Esou géing den Alkohol och méi séier an d'Blutt iwwergoen. Dësen Effekt kéint gewëssermoossen duerch déi duerchbluddungsfërdernd Wierkung vun der Wäermt am Glüwäi verstäerkt ginn. Well doduerch erweidere sech d'Bluttgefäässer am Dënndaarm, wat och erëm d'Opnam vum Alkohol beschleunegt. Beim Roude Wäin dogéint gesäit et e bëssen anescht aus, well dee wuel temperéiert gedronk gëtt. Wéi dat sech op d'Dauer fir den Inhalt vum Mo auszeschëdden auswierkt, ass bis elo nach net esou genee ënnersicht ginn.

A wéi dréit den Zocker am Wäin dozou bäi, datt ee méi séier schiggeri ass?

Den Zocker iwwerdeckt de battere Geschmaach vum Alkohol. Dat ass och esou bei Cocktailen oder aneren alkoholesche Mëschungen. Bei deem waarmen, séisse Gedrénks mierke mir einfach net, wat an em stécht – an drénken dowéinst och méi séier méi eng grouss Quantitéit. Et gëtt awer och nach e puer aner Hypotheesen, wat d' Roll vum Zocker ubelaangt. Zum Beispill soll den Zocker och eng Roll dobäi spillen, wéi séier den Inhalt vum Mo an den Dënndaarm ausgeschott gëtt. Allerdéngs gouf dësen Aspekt nach net ëmfaassend a Studien ënnersicht.

Dat kléngt dach no engem spannende Fuerschungstheema.

A sech schonn. U fräiwëllege Participante fir d'Studie sollt et wuel net scheiteren