Eisen Nationalheld, Fotografie, Sangen a Karikatur stounge gëschter Owend am Live Planet People op der Tëlee op der Affiche.

70 Joer. Esou laang gëtt et zwar de Superjhemp nach net, duerfir awer de Lucien Czuga, ee vu senge Päpp, dee gëschter mat eis ronne Gebuertsdag gefeiert huet. De Bouneweger, deen virun genee 70 Joer op Niklosdag op d'Welt koum, war vum 29ten November bis 1ten Dezember zu Paräis um Salon SoBD, wou eisen Nationalheld sech mat aneren Stréchmännercher gemooss huet. Vun 1987 bis 2014 huet de Lucien als Zeenarist zesummen mam Roger Leiner de Superjhemp erausbruecht. 'Superjhemp contre l'exploseur' ass den 1ten Album vun der Serie 'De Superjhemp géint de Bommeleeër' deen 1988 erauskomm an deemools iwwer 15000 mol verkaf gouf. Firwat dann elo de Choix deen op franséisch ze publizéieren?

07/12/2024 Live Planet People: Lucien Czuga

De Florin Balaban invitéiert d'Frënn vu Cartoone a Karikaturen op Déifferdeng an d'Aalt Stadhaus. Ënnert de Wierker, déi vun elo un a bis de 4ten Januar am Foyer vum Aalt Stadhaus zu Déifferdeng ausgestallt sinn, ginn och déi 3 éischt Plazen vun engem internationale Concours gewisen wou Cartoone a Karikaturen sech beim 'Musée de la Caricature et du Cartoon de Vianden' gemellt haten.

07/12/2024 Live Planet People: Florin Balaban

De Max Kremer huet d'Irisfotografie fir sech entdeckt a suergt fir ganz perséinlech Kaddoen. Mat engem PopUp huet alles ugefaange an elo huet den Foto-a Videograf säin säin eegene Fotostudio wou hien den Interessenten hier Aen fotograféiert, an erauskënnt en exklusiivt Bild fir bei sech opzehänken oder weiderzeverschenken.

07/12/2024 Live Planet People: Max Kremer

De Rob Koeller vun der UGDA organiséiert um Samschdeg e grousst Chrëschtdagssangen wou een zu Miersch matsange kann. No dem éischten grousse Concert 2021, mat 400 Sängerinnen a Sänger zu Iechternach, déi vu Museker mat Zipfelmutz begleet goufen, gëtt et haut um 16h30 e neie Rendez-vous zu Miersch. Um Programm Chrëschtlidder aus aller Welt a vu Lëtzebuerg. D'Texter a d'Musek kann een eroflueden op

07/12/2024 Live Planet People: Rob Koeller