
© Photo by Anthony DELANOIX on Unsplash
De provisoresche Bilan vum Tourismus-Joer 2024 hei zu Lëtzebuerg fält ganz positiv aus, zimmlech warscheinlech ginn et esouguer nei Rekord-Zuelen. Wéi steet et ëm den Tourismus an Europa? Wat sinn aktuell Rees-Trends? De Chris Reuter hat de Miguel Sanz, President vun der "European Travel Commission", am RTL-Interview.
Reestrends an Europa
Europa ass weltwäit nach ëmmer d’Rees-Destinatioun Nummer 1. An den Drang fir innerhalb vun Europa ze reesen a fir vun ausserhalb an Europa ze reesen, geet ëmmer weider an d’Luucht. Deen neien europäesche Rees-Trend: Iwwer 50% vun den Touriste ginn un, dass si kleng an onbekannte Plaze sichen – um ganze Kontinent awer och op de beléifte Rees-Destinatiounen.
Miguel Sanz: “In countries like Italy, Spain or Greece, people are looking for new destinations. Probably because they want to avoid overcrowding and also because of value for money reasons.”
Schengen Accord
Am Zentrum vun der Popularitéit an der Entwécklung vum europäeschen Tourismus steet de Schengen Accord. De vollstännege Bäitrett vu Rumänien a Bulgarien vu Januar 2025 u géif weisen, dass de Schengen Accord nach ëmmer ganz staark wier, esou de Miguel Sanz. Hie géif hoffen, dass d’Zäit vun de Grenzkontrollen och geschwënn eriwwer wier.
Miguel Sanz: “I hope that these border controls, as the treaty allows, are temporary and that we’ll soon be back to normality, which is a fully operating Schengen Agreement.”
Nieft dem Rapport vu Qualitéit a Präis, an de Wiederkonditiounen, ass d’Sécherheet nach ëmmer den ausschlaggebende Fakteur beim Choix vun enger Destinatioun. Dass et politesch plazeweis onsécher Zäite sinn, géif ee beim Tourismus net wierklech verspieren.
Klimakris
Den Impakt vun der Klimakris wier par conter enorm, esou de Miguel Sanz. Net an deem Sënn, dass den Tourismus sech wéinst der Hëtzt ëmmer méi an den Norde verlagert, mee dass d’Branche en ökonomesche Wandel misst vollzéien an d’Destinatioune sech ëmmer méi un déi nei Konditiounen missten upassen.
Miguel Sanz: “Environmental transformation but also social transformation, the impact of tourism in social communities. In many cases tourism is a force to preserve cultural heritage. It’s a force for preserving natural resources and surroundings. We need to reinforce these issues.”
D’Klimakris wier awer virun allem e gesamt-gesellschaftleche Problem, deen an alle Beräicher misst vill méi seriö geholl ginn, esou nach de President vun der “European Travel Commission”.