Gëschter war den 1.Advent, an domadder fänkt traditionell och d'Zäit vun de Chrëschtmäert a -basaren uechter d'Land un. Et hat een also e grousse Choix fir säi Gléck op engem vun de ville Stänn ze fannen, mat selwer designten oder gebastelte Saache fir op oder ënner de Beemchen. Mat dee gréissten Basar gëtt all Joer vun der Croix Rouge um Glacis ofgehalen, wou och dëst Joer wärend zwee Deeg sech vill Benevollen an den Déngscht vun der gudder Saach gestallt haten.

Basar Croix Rouge - Offer
RTL

Jiddereen huet op seng Manéier versicht d'Cliente bei sech ze lackelen an de Succès ass ongebrach. 4 Generatiounen ënner engem groussen Zelt, an do trëfft et sech gutt,wann een nach op der Sich no Kaddoe fir Famill a Frënn oder fir sech selwer ass.

Basar Croix Rouge - Leit
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL
RTL