
© Domingos Oliveira
Als Schwammmeeschter 3 Joer Léier zu Monnerech, zanter kuerzem sinn ech elo Diddeleng. Ech hat lo mäi Fonctionnaires-Exame gemaach an lo hat ech wëlles ab nächstem Joer d'Meeschterkaart unzefänken.
Mon diplôme est diplôme d coiffeur. Et i faut évoluer, ç'est important dans la coiffure. Il faut pas jamais s'arrêter.
Diplômé en Pâtissier-Chocolatier-Confiseur
Ech hu mäin Diplom als Plätterchersleeër gemaach. Ech schreiwe mech an, fir mäi Meeschter och ze maachen d'nächst Joer, ech géif vläicht awer e Proff ginn.
Also ech hunn de Schräinerdiplom gemaach an zwar zu Wolz am Lycée. Ech hat dee Moment iwwerluecht fir de Meeschter ze maachen, mee ech muss soen ech sinn elo schonn 33 Joer al. Dat heescht, ech muss verschidde Saachen nach bedenken an a kucken. Ech weess et nach net genau.
Als Mechatroniker fir Baumaschinnen. Ma ech maachen nach zwee Joer weider fir den Techniker ze maachen an dann duerno eventuell dann d'Meeschterkaart.
Dës Feier gëtt all Joers vun der Chambre des Métiers, der Chambre des Salariés an dem Educatiounsministère organiséiert.
De Vize-President vun der Chambre des Métiers Alexandre Kieffer huet nach emol ënnerstrach wéi wichteg et ass mat Zäite op Beruffer am Artisanat opmierksam ze maachen.
Net nëmmen op Initiative waarde vun der Chamber, mee och d'Initiativen, de Kanner erëm eppes mat op de Wee ze ginn, wat si begeeschtert, wat hir Kreativitéit ka lancéieren. An ech mengen, do ass et och doheem, d'Kannerstuff kann do vill bewierken, dass d' Elteren net nëmmen de Fokus am Kapp hunn, mäi Kand muss onbedéngt studéieren, nee et soll ee vläicht kucke wat ka mäi Kand gutt, wou gëtt mäi Kand frou. Well och Kreativitéit, dat léiert een net forcement am Lycée, dat léiert ee schonn an de Spillschoulen, do ginn d'Kreativitéiten un an d'Handwierk, do kann een déi kreativ Oder, déi ee vläicht do entwéckelt, weider finaliséieren.
Natierlech ass et och un de Betriber a Patronen fir hir Entreprisen interessant fir den Nowuess ze maachen a gutt Aarbechtskonditiounen ze schafen.

© Domingos Oliveira
All Joers gëtt och déi Meilleure entreprise formatrice gewielt, dëst Joer war dat Electricité Kyll zu Holztem, déi zanter 2011 permanent 2-5 Leit an der Léier hunn. Dernieft gëtt et dann och dee beschte Gesell oder Gesellin an do gouf d'Dana Stratmann geéiert.

© Domingos Oliveira
Déi 23 Joer jonk Fra huet mat hirem exzeptionelle Parcours an hire gudde Punkten Impressioun gemaach.
Also an der Optik eben. A virdrun hat ech schonn als Hörakustikerin och mäin Diplom gepackt. Also ech hunn bis elo ëmmer alles, wat ech gemaach hunn, sou gutt wéi méiglech gemaach. Mee et war trotzdeem eng Iwwerraschung, dass et elo dat Bescht sinn an eng Éier fir mech déi Noriicht ze kréien. An elo maachen ech als nächst nach meng Meeschterprüfung an der Hörakustik. An duerno wëll ech mech do och nach fortbilden a spezialiséieren.
Dem Dana hire Courage, hir gutt Resultater an hir Determinatioun impressionéieren a sinn och dat beschte Beispill fir seng eege Passioun am Handwierk kënnen auszeliewen. . Fir nach méi Detailer, kuckt op