Kichelcher, Schockela, Marzipan, Kamellen - déi ginn et gläich nees am Iwwerfloss, net nëmme vum Kleeschen, ma och vum Chrëschtkëndchen. D'Schneekerten ënnert eis freet dat natierlech, fir anerer sinn et vill ze vill Séissegkeeten, déi do beienee kommen. Viru verschenken un d'Famill kann een D'Saachen ëmmer, ma et ginn och nach aner alternative, fir Leit eng Freed domat ze maachen.

D'Sarah Bourckel huet selwer gemierkt dass ee vill ze vill kritt an hat virun 9 Joer d'Iddi fir eng Kollekte z'organiséieren an domat deene Mënschen eng Freed ze maachen déi keen Dach iwwert dem Kapp hunn.

Jo, an do hunn ech dat iergendwéi ëmmer sou mat anere Mammen alt scho mol beschwat a jiddereen huet gesot, jo, et ass wierklech ze vill a wat kënne mer da maachen? An do war eis dunn d'Iddie komm, well ech déi Zäit e bëssen a Flüchtlingsfoyere gehollef hunn, fir et dann eventuell dohinner ze bréngen, do hu mer dann do gefrot a si hunn all gesot, um Gotteswëlle bréngt näischt méi, well mir hunn schonn därmoosse vill. An do hat awer dunn ee mech eng Kéier op d'Iddie bruecht, et eventuell mol bei eise Sans-Abrië ze bréngen. An do hunn ech mech do e bësse lénks a riets informéiert, dunn ass dat zustane komm, datt ech dat dunn déi éischte Kéier mol alles op den Dernier Sol bruecht hunn, do hunn d' Leit sech immens driwwer gefreet an do hunn ech do gesot, okay gutt, dann maache mer dat elo nach eng Kéier.

Déi ganz Aktioun ass am Laf vun de Joren zu enger flotter Aktioun gewuess a mëttlerweil ginn et vill Sammelplazen am Land, wou d'Séissegkeeten opgeholl ginn, iert se dann ausgedeelt ginn. Ouni déi wär d'Aktioun net méiglech. Wou kommen d'Saachen dann dono hin?

Dat ass ganz verschidden. Am Ufank war dat just den Dernier Sol an der Stad. An d'Wanteraktioun, déi ass jo lo mëttlerweil op de Findel geplënnert, do kënne mer e ganz groussen Deel hin. Dann hu mer awer och d'Jugend - an Drogenhëllef, déi an déi verschidden Haiser Saache bruecht kréien. Dann de Foyer Abrisud zu Esch huet Saache kritt nach all Joers. A voilà, mir wollten dëst Joer och nach kucken, eventuell och nach aner Foyere lo bäizehuelen. Mir wollten dat nach e bësse besser nach verdeelen, well et awer wierklech ëmmer immens vill ass, wat mer zesumme kréien.

RTL

© Séissegkeeten fir d'Leit op der Strooss

Déi Leit déi sech wëlle bedeelege, kënnen d'Sarah an seng Equipe iwwer Facebook kontaktéieren.

Richteg, jo. An entweeder kënnt der eis einfach iwwer Facebook kontaktéieren, mir hunn awer och eng Google Map gemaach, wou alleguerten d'Sammelplazen nach eng Kéier dra sinn, also d'Uertschaften an eeben déi jeeweileg Persounen, déi sech ëm déi Sammelstell këmmeren. Dat heescht, do kann een eventuell och direkt déi Persoun kontaktéieren oder, wéi gesot, einfach un eis generell schécken an da leede mir de Kontakt da weider un déi jeeweileg Sammelplazen.

D'Facebooksäit, Google Maps an d'Emailadress vun der Aktioun Séissegkeete fir d'Leit op der Strooss hu mer iech op rtl.lu verlinkt.

Mail: Seissegkeeten@gmail.com

RTL

© Séissegkeeten fir d'Leit op der Strooss