Wann een en Hausdéier huet, da mierkt ee meeschtens wann eppes bei sengem treie Gesell net stëmmt. A wann een als Hondsmeeschter och net ëmmer 1 an 1 zesummenziele kann, a gläich checkt wou de Probleem läit, da weess den Déierendokter awer ze hëllefen. D'RTL-Déierendoktesch Romi Roth deelt mat eis all Eenzelheete vun engem aktuelle Fall aus der Praxis.

De butzege Yorkshire Terrier Nino, soss e ganz léiwe Kärelchen, war op eemol esou granzeg, dass e seng Meeschtesch esouguer gebass huet, wa si him nëmme seng Léngt undoe wollt. Si huet him dat weider net iwwel geholl. Well ëmmer wann hie bis dohin emol richteg schlecht drop war, da war eppes iwwerhaapt net an der Rei. Gefriess huet hien dës Kéier nach, mee e bësse méi flemmseg wéi soss. Dofir war d´Gamelle mam Gesëffs ëmmer eidel. Op seng attitréiert Fotell koum hien iergendwéi net méi richteg erop. A bei Goen huet hie bal op der enger, bal op der anerer hënneschter Patt gehippt. Mam ganzen Hannerlaf huet hie sech esou komesch a steif beweegt, dass ee bal gemengt hätt, hie géif op réien Eeër balancéieren.

Romi Roth - Problemer mam Hannerlaf - Diagnos

Dann hat de Mippche sech vläicht eppes am Réck ausgerenkt?
Jo, e Probleem un der ënneschter Wirbelsäil oder och en Trauma vum Bassin géife sech éischter esou weisen. Hei louch déi komesch Demarche un engem ganz anere Mëssel: dem Nino seng zwou Duftdrüse waren uerg entzünt. Aner Muppe reiwe sech da mam Dokes iwwert de Buedem, wat wéi Schlittfueren ausgesäit a vill méi charakteristesch ass. Déi Drüsen, aus deenen e flëssegt Sekret kënnt, dat hier grouss Kommissioune fir aner Muppekolleegen identifizéiert, heeschen och Analdrüsen. Oder, aus der Perspektiv vu Mënschen-Nuesen méi passend Sténkdrüsen! Eng dovun hat schonn een Abcès, deen drop an drun war, ze baschten. Dofir a well hie sech vun eis soss garantéiert näischt gefale gelooss hätt, huet den Nino ënnert liichter Narkose déi eng Drüs ausgespullt an den Abcès un däer anerer opgemaach a versuergt kritt. Mat Antibiotiquen an Medikamenter géint d'Péng an Entzündung war hie scho bei der Kontroll no enger Woch erëm léif an aartlech wéi soss.

Romi Roth - Problemer mam Hannerlaf - Hëllef