Et sinn nëmmen nach zwou Woche bis Chrëschtdag. Fir vill Leit ass e Fest ouni Chrëschtbeemchen net méiglech. Wien awer spuere wëllt an sech einfach an de Bësch ee Beemche schloe geet, fir dee kann dat ganz batter Konsequenzen hunn. 

11/12/2024 Chrëschtbam klauen ka richteg deier ginn

Aus Däitschland koum elo d'Nouvelle dass beim Beemcheklau mat fatzege Strofe gerechent muss ginn. Je no Bundesland a je no Quantitéit waarden hei Protokoller vun 50 bis 50.000€ op e Chrëschtbamdéif. Wann een dat och nach an engem Naturschutzgebitt méicht, kascht et esouguer bis zu 100.000€. E Chrëschtbam ze klauen oder am Bësch ze schloen ass kee Kavaléiersdelikt. Wéi gesäit et bei eis aus? Mir hu beim Carole Back vun der Administration de la Nature et des Forêts nogefrot:

Betreffend d'Mathuele vu Chrëschtbeemercher am Bësch ass et, datt mir zu Lëtzebuerg zwar elo kee Gesetzestext hunn, dee wuertwiertlech seet, et ass verbueden, e Chrëschtbeemchen ze klauen, par konter hu mer awer eng Rei Gesetzer, déi an esou engem Fall awer spillen, zum Beispill dat neit Bëschgesetz vum 23. August 2023, erlaabt dem Grand public kleng Quantitéiten u Produiten aus dem Bësch matzehuelen, zum Beispill e puer Dännenzapfe fir ze bastelen oder e puer Straich fir e Meekranz oder esou ze maachen. Mee et ass awer explizitt ënnersot, Holz a soumat och Beem erauszehuelen. Op deem Gesetz sti Geldstrofe bis zu 1.000 Euro drop.

11/12/2024 Chrëschtbam klaue ka richteg deier ginn 1

Donieft gëtt et dann nach de Code Penal hei zu Lëtzebuerg, wou et zwee Artikele ginn, déi an engem Fall vu Klaue vu Chrëschtbeemercher géinge spillen:

Do hu mer engersäits deen Artikel am Code penal dee verbitt, datt d'Beem béiswëlleg gefält ginn an natierlech am Fall, wou ee sech da lo einfach e Bam mathëlt aus engem Bësch, deen engem net gehéiert, si mer am Fall vun engem Déifstall, an do sti Geldstrofe bis zu fënnef dausend Euro drop an awer och ganz héich Prisongsstrofen.

11/12/2024 Chrëschtbam klaue ka richteg deier ginn 2

De Bësch ass entweder am Privatbesëtz oder an ëffentlecher Hand, dat heescht Staatsbëscher, Gemengebëscher an den Accès ass duerch déi nei Bëschgesetzer gereegelt, esou dass jiddereen an de Bësch eragoen duerf, muss sech awer op de Weeër an de Sentieren halen an och déi wéineg Produiten déi ee mathuelen dierf, musse vum Wee aus z'erreeche sinn, et duerf een net queerfeldein duerch engem säi Bësch lafen.   

RTL

© pixabay